Et ass eng Initiativ vun der LPPD, der asbl vun de Lëtzebuerger politesche Prisonéier an Deportéierten.

Et soll un dat erënnert ginn, wat ee vun der Corniche aus gesäit, nämlech de fréiere Prisong am Gronn, an deem wärend der Nazi-Occupatioun am Zweete Weltkrich bal 4.000 Resistenzler agespaart waren.

80 Joer nom Enn vum Zweete Weltkrich wéilt een domadder déi éieren, déi gelidden hunn, fir Engagement a Courage och den nächste Generatiounen ze vermëttelen.