"Dir hutt dem Mann alles gebrach, wat een do konnt briechen"

© RTL Archivbild
Um Stater Geriicht war en Dënschdeg den Optakt vum Prozess géint 5 suspendéiert Policebeamten.
Um Stater Geriicht war en Dënschdeg den Optakt vum Prozess géint 5 suspendéiert Policebeamten. 2019 hat ee vun hinnen e Mann, deen an d'Ausniichterungszell sollt, willkürlech geschloen. Hie kritt dofir ënner anerem "Actes de tortures" virgehäit. Deenen anere 4, déi dobäi waren, gëtt "Non-Assistance à personne en danger" virgeworf. Si hunn dem Haaptugekloten och gehollef, seng Dot ze vertuschen. Hinnen alleguer gëtt deemno och virgehäit, "Fauxe" gemaach an d'Justiz behënnert ze hunn.
De Riichter hat direkt kloer Wierder vis-à-vis vum Haaptugeklote fonnt. "Dir hutt immens grousse Schued gemaach, well wa mir net méi kënne gleewen, wat dir an är Procès-verbauxe schreift, da kënne mir hei apaken. An déi Froen, déi de Public sech stellt. Ass dat Gang und Gebe, Policegewalt?"
2019 gouf den Haaptugeklote mat zwou jonke Kolleeginnen zu Esch wéinst enger Kläpperei an e Café geruff. Wéi si koumen, hat sech d'Situatioun scho berouegt. Mee d'Affer, dat sollt mat engem Stull no engem anere Client vum Bistro geheit hunn, war staark alkoholiséiert. Ier e konnt an d'Ausniichterungszell, huet awer en Dokter missen en Zertifikat ausstellen, datt datt hien haftfäeg wier. Eng weider Patrull ass mat der Camionnette komm, fir de Mann an den Chem ze feieren. Ma schonn ier hien erageklommen ass, gouf et eng Ausenanersetzung. Finalement louch d'Affer um Wee an d'Spidol um Buedem vun der Camionnette tëscht de Sëtzer.
Am Chem ukomm, ass ee vun de Beamten e Rollstull siche gaangen, si hunn de Mann dragesat, wat him wéi gedoen huet, well hien d'Hänn um Réck menotéiert hat. Dofir huet hie versicht, opzestoen. D'Beamten hunn hien zréckgezunn. Virum Lift, nach ier se bei d'Doktesch koumen, huet de Beamten d'Affer eng éischte Kéier mat der Fauscht an de Mo geschloen. No der Doktesch koume si zréck, dës Kéier ouni Rollstull, zwee Beamten hunn d'Affer un den Äerm ugehale fir bei d'Camionnette. Kuerz virdrun hu si hien ëmgedréint, mam Gesiicht zum Haaptugekloten, dee vun hanne koum a him mat Ulaf a senge verstäerkten Händschen an d'Gesiicht geschloen huet. De Mann ass an d'Gette gaangen. D'Beamten hunn hien an d'Camionnette gehuewen a sinn, nodeems si matenee gelaacht hunn, fortgefuer op d'Kommissariat.
Un deene Faite besteet keen Zweiwel, well d'Iwwerwaachungskamerae vum Chem alles gefilmt hunn an d'Extraiten en Dënschdeg um Geriicht gewise goufen. Um Büro si si mat him an d'Zell gaangen, de Gank an d'Camionnette goufen dono gebotzt, well d'Affer iwwerall Blutt verluer hat. Säi A war komplett zougeschwollen, dat, esou den Enquêteur vun der Inspection générale de la Police, hunn d'Iwwerwaachungsvideoe vum Kommissariat gewisen. Si sinn dono och net, wéi virgesinn, all zwou Stonnen nom Affer kucke gaangen.
No sechs Stonnen ouni Kontroll huet d'Fréischicht hie fonnt an huet eng Ambulanz geruff. Dee Beamten huet och bemierkt, datt um Dokteschcertificat keng Blessuren am Gesiicht fest gehale waren, mee hien do ausgesinn hätt, "wéi wann hien an Zuch gerannt wier".
"Hien hätt kënne stierwen", esou de Riichter, zum Beispill a sengem eegene Blutt erstécken. "Dir hat ëm alles gebrach, wat een do ka briechen", sot hien zum Haaptugekloten.
Deen huet zimmlech séier realiséiert, datt dat net gutt wäert fir hien ausgoen. Hien huet seng Kolleege kontaktéiert, alleguer méi jonk ewéi hien. Huet Drock op si gemaach. Hien huet eng Virgeschicht fabrizéiert, datt de Mann schonn am Café Blessuren am Gesiicht gehat hätt, well hie mam Kapp op den Bistrosdësch geknallt wier oder an der Camionnette widdert d'Trennungsscheif. Eng vun de Kolleeginnen huet him gehollef, falsch Zeienaussoen an deem Sënn ze sammelen. All hu si de gefälschten "Procès-verbal" ënnerschriwwen, deen op de Parquet goung. Do dran hu si behaapt, hien hätt versicht, si ze bäissen an op si gespaut. Alles erfonnt.
Firwat hien de Mann esou geschloen hätt, datt et gekraacht hätt, huet de Riichter den Ugekloten gefrot. "Eng Kolleegin hat d'Stëmm gehuewen", huet hie geäntwert, "an da gi bei mir d'Luuchten aus." Firwat déi aner d'Affer net direkt nees bei en Dokter bruecht hätten. Dräi vu véier soten, si hätten de Mann dono net méi an d'Gesiicht gekuckt.
Firwat si de gefälschte Procès-verbal ënnerschriwwen hätten? Well si sech net getraut hätten, géint dee méi déngschtale Kolleeg ze goen, aus Angscht e "Kolleegeschwäin" ze sinn, dat "schwaarzt Schof, wat Kolleegen an de Réck fält".
Op d'Fro, firwat si gemengt hunn, domat duerch ze kommen, konnt keen eng richteg Äntwert ginn.
De Prozess geet e Mëttwoch de Mëtteg weider.