Een Dag um Chantier vun de Superlativen op der Cloche d'Or
Wou virdrun 80 Hektar Wiss waren, entsteet elo e fuschneie Quartier op enger Fläch, déi esou grouss ass ewéi 40 Futtball-Felder.
Rieds ass vum neie Chantier um Ban de Gasperich, de Quartier Cloche d’Or!
Et ass nom Belval, deen zweetgréisste Bauprojet am Land: den neie Quartier Cloche d’Or. Wou virdru Wisen a Felder stoungen, fënnt een elo e moderne Waassertuerm, Büroen, Schoulen, Wunnengen … an dauernd gëtt weidergebaut.
De gréissten Akafszenter am Land soll hei entstoen, den neie Centre de Secours, e risege Park, bref e Projet vun de Superlativen.
Mä wou ass de Bauprojet vun de Ament drun? Wéi koordinéiert een eigentlech esou e grousse Chantier am Alldag? An wéi lieft et sech als ee vun den éischten Awunner um zweetgréisste Chantier vum Land?
Eng Equipe vum Magazin huet een Dag am neie Quartier verbruecht: vun deem Moment un, wou déi 1'200 Aarbechter um Site ukommen, bis owes, wann déi éischt Awunner vum Quartier nees heem kommen. Vun der Situatioun an der Ecole Vauban, iwwert de Rise Chantier vum Akafszenter, bis hin zum Thema Mobilitéit.