De franséische Premier Lecornu huet demissionéiert

© Shutterstock
Een Dag nodeems déi éischt Ministeren nominéiert goufen, schéngt déi nei franséisch Regierung schonn nees Geschicht ze sinn.
Frankräich stécht schonn nees an der politescher Kris. De Premierminister Sébastien Lecornu huet e Méindeg de Moien demissionéiert. De President Macron hätt d'Demissioun och schonn acceptéiert, melle franséisch Medien, an och den Elysée huet et mëttlerweil confirméiert.
Eigentlech sollt de mëttlerweil jo fréiere Regierungschef um 16 Auer e Méindegmëtteg Rendez-vous am Elysée hunn, fir sech zesumme mat deenen 18 Ministeren, déi hien e Sonndegowend nominéiert huet, mam President Macron ze beroden.
Grond fir de Récktrëtt dierft wuel de sech ofzeechnenden Austrëtt vun der Partei "Les Républicains" aus der Regierung sinn. De President vun der Partei, de Bruno Retailleau, huet sech onzefridde mat der Verdeelung vun de Ressorte gewisen. Esou hätt d'Renaissance vum Emmanuel Macron zéng Ministere gestallt, wärend d'Republikaner der nëmme véier kruten. Haaptgrond fir d'Onzefriddenheet vun deene Rietskonservativen ass awer de Fait, dass de Bruno Le Maire op en Neits fir de Ressort vun der Defense nominéiert gouf. Si gesinn an him eppes wéi e Symbol vun der Hausse vun de Staatsausgaben am Laf vun de leschten zéng Joer.
Donieft steet de Retailleau och bannent senger Partei ënner Drock. D'Fraktioun hat e Sonndeg zwar fir eng Regierungsbedeelegung gestëmmt, ma bannent der Partei ginn et och mächteg Stëmmen, déi sech géint eng Bedeelegung un der neier Regierung ausgeschwat hunn, dorënner ënner anerem de Vizepresident vun der Partei a Buergermeeschter vu Cannes David Lisnard. Iwwerdeems huet sech de President vum Conseil régional vun den Hauts-de-France Xavier Bertrand e Méindeg dofir ausgeschwat, dass d'Partei d'Regierung verléisst.
Um 11 Auer sollt de Comité vun de Républicains fir eng Drénglechkeetssëtzung beieneekommen, wou een decidéiere wollt, eventuell déi nei Regierung schonn ze verloossen.
Wéi et elo weidergeet, ass ongewëss. D'Oppositioun vum Rassemblement national an hire Chef Jordan Bardella hunn de President Macron schonn opgeruff, d’Assemblée nationale opzeléisen an Neiwalen ze organiséieren. Och d'Marine Le Pen, Cheffin vun der rietsextreemer Partei Rassemblement National, huet betount, datt d'Opléisung vun der Assemblée nationale "absolut inevitabel" wier. Donieft wier et hirer Opfaassung no och "schlau" fir den Emmanuel Macron, ze demissionéieren. Dat war fir de franséische Staatschef awer bis elo ausgeschloss.