Leschte Programmpunkt vum Trounwiessel war de feierlechen Te Deum no der Mass an der Kathedral an der Stad.

D'Gäscht si vun 10.30 Auer un ukomm a vum Paschtouer Tom Kerger um Parvis vun der Kathedral empfaange ginn. Just de Grand-Duc Henri a seng Fra sinn zu enger anerer Entrée ra komm.

RTL

© Jeannot Ries

Nieft den offizielle Vertrieder aus Politik, den Institutiounen an der Diplomatie an der groussherzoglecher Famill "au grand complet", konnten och 240 Privatleit bei der Zeremonie an der Stad derbäi sinn.

De Kardinol Jean-Claude Hollerich ass an der Priedegt op d'Diversitéit vu Lëtzebuerg agaangen, déi di lescht 2 Deeg schonn am Zentrum vun de Feierlechkeeten stoung an där de Grand-Duc Guillaume op senger Tournée ganz bewosst, mat "Achtsamkeet" begéint wier.

D'Priedegt vum Kardinol Jean-Claude Hollerich
"Mir stinn zu Iech"

D'Land wier mam Grand-Duc Guillaume och sécher a gudden Hänn. "Dir kënnt dat" sot de Kardinol Hollerich. An dat hätt hien déi lescht zwee Deeg bewisen. Zesumme mat der Grande-Duchesse Stéphanie. An och de klenge Prënz Charel wier en Zeechen vun Hoffnung. Lëtzebuerg géif weider goen, well eis Dynastie weidergeet. Duerfir wier hien dem Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa "ongeheier dankbar".

"Mir stinn zu Iech", sot den Äerzbëschof dann zum Ofschloss vu senger Priedegt am Numm vun alle Katholicken a Chrëschten hei a Land.

D'Feierlechkeete si mat der Nationalhymn an der Kathedral op en Enn gaangen.

De ganz feierlechen Ofschloss mat der Nationalhymn
"Ons Heemescht" vum Jean-Antoine Zinnen, Text vum Michel Lentz