Bei sou groussen Evenementer wéi dem Trounwiessel, schaffen eng Hellewull u Leit am Schied vum Geschéien.

Besonnesch ronderëm de Faktor "Sécherheet". D'Sécherheet vun der Groussherzoglecher Famill ënnersteet iwwer dat ganzt Joer der Spezialunitéit vun der Police (USP). Och international héichrangeg Gäscht, sou wéi dat dëse Weekend de Fall war, mat der Presenz ob Lëtzebuerger Territoire vum Emmanuel Macron, Frank-Walter Steinmeyer, sou wéi der hollännescher a belscher Kinnek-Koppel, ginn vun der USP protegéiert. Am Géigesaz vun der Sécherheet vun eise Ministeren, déi vum Service de Protection du Gouvernement assuréiert gëtt.

De Kommandoposte vun der Police

Um PC, Poste de commandement wéi en och nach genannt gëtt, sëtzen ob sou feierlechen Deeg ganz vill Leit. All d'Cheffe vun alle betraffenen Unitéite vun der Police (Police de la route, USP, d'Hondsstaffel...) souwéi och Liaisoun-officer vum CGDIS, déi sécherstellen, dass d'Kommunikatioun tëschent dem PC vun der Police an hirem PC, den CGO (Centre de gestion des opérations) funktionéiert an, dass d'Informatiounen iwwerall richteg ukommen. Um PC vun der Police souzen dëse Weekend awer och nach Negociateure souwéi eng Persoun vum Haff, déi am Fall vun enger Kris Informatioune konnt liwweren.

D'USP um Terrain 

Poliziste vun der Spezialunitéit waren op dësem Weekend glécklecherweis net iwwerfuerdert, och wann de ganze Service Iwwerstonnen huet misse maachen, sou de Kommandant Christian Krettels:

"An dësem Kader hu mer virdru schonn natierlech Fouillen, de sougenannte "Bombsweeping" gemaach. An hannendru kommen dann eng Rëtsch Elementer, déi souwuel an der Protection rapprochée wéi och an der Zirkularisatioun vum Spektakel, also vun de Spectateuren e Rôle spillen. Mir hunn um Terrain 'Quick Reaction Teams', wou mer fäerdeg ekipéiert Interventioun Leit hunn, déi  schonn um Terrain vir positionéiert sinn, fir e ganz kuerzen Delai vun der Interventioun ze hunn. Mir hunn och natierlech Sniper, also Tireurs d'élite leien, déi de Volet sniping, countersniping ofdecken. Dann hu mer Dronen am Asaz." 

Iwwer 300 Polizisten am Asaz 

D'Police sou wéi d'Spezialunitéit waren op dësem Weekend beschtens virbereet. Eleng e Samschdeg hunn ganzer 300 Poliziste fir d'Sécherheet vu Famill, Gäscht a Vollek gesuergt.