D'Police mellt dann och nach, datt op verschiddene Plazen an Autoen agebrach gouf.

E Sonndeg am Nomëtteg gouf d'Police geruff, well e Mann an der Entrée vun engem Gebai an der Rue Charles Darwin zu Gaasperech géif schlofen. Wéi d'Beamten agetraff sinn, hunn si de Mann och fonnt a kontrolléiert. Dobäi ass erauskomm, datt de Mann gesicht géif ginn. Hie gouf festgeholl a koum op Suessem an Untersuchungshaft.

D'Police mellt dann och nach verschidden Abréch an Autoen. Dat ënner anerem zu Béiwen, wou en Täter Kreditkaarten an e Sonnebrëll aus dem Gefier geklaut huet. Am Garer Quartier an der Stad gouf och e Sonnebrëll awer och den Ëffner fir d'Garagëpaart geklaut.