An de leschte Woche war jo vill iwwer d'Terme "Recht" oder "Fräiheet" vun der Fra, eng Ofdreiwung duerchzeféieren, diskutéiert ginn.

D'Fräiheet, fir ofzedreiwen, kënnt an d'Verfassung. En entspriechende Kompromëss-Text gouf e Méindeg mat breeder Majoritéit an der Chamber-Institutioune-Kommissioun guttgeheescht.

Extrait Fred Keup

Just de Fred Keup huet géint dës Ännerung gestëmmt. "Et ass déi grouss Fro ëmmer, wéini d'Liewen ufänkt. Déi eng gesinn dat esou, déi aner gesinn dat esou. Ech mengen, et ass wichteg , dass een de Respekt awer huet virun deene Leit, déi der Meenung sinn, dass dat doten eeben och an hiren Ae géint d'Recht op Liewe geet an dass dat fir si keng gutt Saach ass. An ech mengen, dass ee bei aller Euphorie, déi ee lo vläicht mat sech bréngt, och dat net dierf vergiessen an de Respekt och virun deene Leit hirer Meenung soll hunn. Ech mengen dat wier eng gutt Saach", esou den ADR-Deputéierten.

Deemno gëtt den Terme vun der Fräiheet vun der Fra, fir ofzedreiwen, an d'Constitutioun ageschriwwen. Déi lescht Woche war jo iwwer d'Terminologie vu "Recht" oder "Fräiheet" diskutéiert ginn. Beim Vott vun dësem textuellen Ofännere vun der Constitutioun, wou d'IVG an de Kapitel 2 iwwer d'ëffentlech Fräiheeten ageschriwwe gëtt, mussen zwee Drëttel vun den Deputéierte fir dee Changement stëmmen. Dës qualifizéiert Majoritéit ass beim Vott um Krautmaart geséchert.

D'Verfassungsrevisioun geschitt op Basis vun enger Propositioun vum Deputéierte Marc Baum vun Déi Lénk. Den Text geet elo un de Staatsrot, fir den Avis ze schreiwen.