Fir d'Jeanne Lehair gouf et nieft der Trophée och eng speziell Fro an e Rank

Et kéint aktuell net besser lafe fir d'Lëtzebuerger Sportlerin Jeanne Lehair. E Sonndeg gouf et souguer eng ganz besonnesch Iwwerraschung.
D'Jeanne Lehair huet e Sonndeg net nëmmen eng Victoire zu Toulouse um Supertri verbucht, ma gouf um Enn um Podium nach vun hirem Léifsten op eng ganz speziell Manéier iwwerrascht.
Wéi wann d'Victoire an hirer Heemecht net schonn extra genuch wier, sou gouf se fir déi 29 Joer al Sportlerin e puer Minutten drop besonnesch memorabel. Wéi d'Jeanne Lehair nämlech um Podium stoung, fir hir Trophée entgéintzehuelen, krut si nach eppes anescht "iwwerreecht".
Hire Partner a selwer Triathleet Nathan Lessmann souz virun hir op de Knéie mat enger klenger router Këscht an engem Rank an der Hand. Virun all de Leit, Frënn a Sportlerkolleegen huet hien d'Fro vun alle Froe gestallt... D'Freed bei der Sportlerin war hir unzegesinn a se war ëmsou méi grouss, nodeems se dunn och mat "Jo" beäntwert gouf.
Et kann een dem Jeanne Lehair an hirem Partner Nathan Lessmann also ganz häerzlech fir déi duebel Victoire an allen Hisiichte gratuléieren.