D'Secouriste vum CGDIS hate fir den Optakt vun der neier Schaffwoch schonn direkt genuch ze dinn.

Scho géint 5.55 Auer hate sech op der Héicht vun der Tankstell bei Steebrécken dräi Autoen ze pake kritt. Dëst huet zu engem gréissere Réckstau a vill Problemer am Beräich Esch-Schëffleng-Steebrécken gesuergt. Wéi de CGDIS schreift, wiere bei dësem Tëschefall zwou Persoune blesséiert ginn. D'Ekippe vu Monnerech, Schëffleng an Esch waren am Asaz.

Zwee Autoen am Coup waren du kuerz virun 8 Auer op der N11 tëscht der Brennerei an dem Waldhaff. D'Rettungsdéngschter vun Nidderaanwen an der Stad mellen hei ee Blesséierten.

Ëm déi selwecht Zäit gouf eng Persoun zu Rued-Syr bei engem Accident mat zwee Autoe verwonnt. Hei kruten d'Leit vum Mensder CGDIS Ënnerstëtzung vun hire Kolleege vum Findel.

Da gouf et nach zwee Accidenter no 9 Auer, bei där all Kéiers eng Persoun verwonnt gouf. Tëscht Roumecht a Maartel war en Auto accidentéiert an zu Féiz gouf eng Persoun ugestouss. D'Ekippe vu Rammerech a Réiden respektiv vu Monnerech, Schëffleng an Diddeleng waren op dës Plaze geruff ginn.