ONGe musse bei der Sensibiliséierung elo zesummeschaffen

© Marc Hoscheid
An Zukunft wëlle sech d'ONGen hei am Land zesummeschléissen, fir a Schoulen ze goen, fir iwwer hir Aarbecht an de Beräich ze schwätzen.
Datt ONGen a Schoulen an op aner Plaze ginn, fir iwwert hir Aarbecht am Beräich vun der Kooperatioun ze sensibiliséieren, ass zu Lëtzebuerg net nei. Wéi dat konkret geschitt, soll sech awer änneren. Wärend déi verschidden ONGen dat bis elo gréisstendeels individuell gemaach hunn, solle si sech an Zukunft zesummeschléissen. Eng Reform, déi fir déi verschidden Acteuren eng grouss Ëmstellung bedeit an op d'mannst am Ufank op Kritik gestouss ass.
Eng 30 bis 35 ONGe ware bis elo am Beräich vun der Sensibilisation et éducation au développement aktiv. Dobäi geet et dorëms, d'Nolauschterer iwwert d'Aarbecht vun den ONGen ze informéieren an doriwwer eraus zum kriteschen Nodenken iwwert déi eege Gesellschaft, an där hiren Ëmgank mam globale Süden unzereegen. Firwat kann dat dann net am Kader vum normale Schoulcours passéiere respektiv wat ass d'Plus-Value vun den ONGen? D'Direktesch vum Cercle de Coopération, Nicole Ikuku:
"Et geet net just ëm Contenuen, et geet net just ëm Theorie, et geet wierklech ëm Experienzen. Déi Realitéite vun de Partnerorganisatiounen am Süden, déi déi Organisatiounen hunn, déi ONGen hunn dat säit Joren, si hu Partnerschafte mat aneren Organisatiounen an de Länner vum Süden a si bréngen déi Realitéite mat an d'Klassen."
Bis elo war et esou, datt all ONG hire Projet eenzel agereecht an dono ëmgesat huet. Am Kader vun der Reform wollt een am zoustännegen Ausseministère am Fong, datt d'ONGe sech an dräi bis sechs thematesche Konsortien zesummeschléissen. Doranner hätt een am Secteur zwar eng gewëssen Erfarung, mee wéinst der Envergure vun der Reform hätt ee sech awer Suerge gemaach.
"Lo geet et drëm, datt een ee ganze Projet, ee Joresprojet oder pluriannuell Projeten zesumme mécht. An do hate mer e bëssi Angscht, datt gesot gëtt, hei dir musst iech mat deem dote bestueden. An dat geet net esou, datt ass eng Strategie, déi een zesumme muss opstellen a kucken, wäert dat wierklech eng Plus-value bréngen?"
Et wier een am Endeffekt bei néng Konsortien gelant. Ronn een Drëttel vun den ONGen hätt sech net un deem Prozess bedeelegt. Dat entweder, well se sech net doranner erëmfonnt hunn oder well se net déi néideg personell Kapazitéiten hunn. Elo kéint d'Aarbecht um Terrain ënnert deenen neie Konditiounen am Fong sou lues ulafen, mee déi lescht Méint hu Spueren hannerlooss.
"Lo fillt ee wierklech, datt d'ONGe midd sinn, well et ass eng enorm Reform, et ass eng enorm Restrukturatioun, déi an engem Joer gemaach gëtt, woubäi se an anere Länner, wéi der Belsch zum Beispill, méi wéi fënnef Joer amgaange waren a si si lo am zéngte Joer, also dat ass net Näischt. A si sinn, wat d'Methodologie vun deene Konsortiummen ugeet, op deem nämmlechte Punkt wéi mir haut."
Eng Erausfuerderung dierft sinn, datt d'ONGen an Zukunft verstäerkt de konkreten Impakt vun hiren Aktivitéiten noweise mussen, also zum Beispill op d'Schüler dono vu sech aus eng Journée d'information organiséiert hunn. Do hätt ee sech beim Cercle de coopération gewënscht, datt déi Evaluatioun vun engem Externe gemaach gi wier. Wat de Budget ugeet, sou war deen tëscht 2023 an 2025 vu 4,8 op 4,5 Milliounen Euro erofgaangen. Fir dat nächst Joer sinn iwwerdeems 5 Milliounen Euro virgesinn, bis 2029 soll déi Zomm op 6 Milliounen Euro an d'Luucht goen.
Ganz frou ass ee beim Cercle de coopération iwwerdeems doriwwer, datt d'Maison des ONG, déi de Secteur scho laang fuerdert, elo Realitéit wäert ginn. Dës entsteet op der Hausnummer 55 an der Avenue de la liberté a wäert entweder Enn dëst Joer oder Ufank nächst Joer hir Dieren opmaachen. Am Staatsbudget wäerten dofir 600.000 Euro pro Joer virgesi ginn.