Ben Streff provisoresche President
D'LSAP-Sektioun Mëllerdall ass e Sonndeg gegrënnt ginn

© LSAP
D'LSAP kritt eng nei Sektioun bäi: d'Sektioun Mëllerdall.
Se besteet aus de Gemenge Bäerdref, Beefort, Bech, Waldbëlleg a Konsdref, wéi d'Sozialisten e Sonndeg de Mëtteg an engem Schreiwes matdeelen.
De Ben Streff iwwerhëlt de Poste vum President vun der neier Sektioun provisoresch bis zur éischter uerdentlecher Generalversammlung. Do gëtt den LSAP-Conseiller vun der Gemeng Bäerdref d'Mandat da weider un den aktuelle Vize-President Laurent Dielissen.

© LSAP
Am meeschte gelies