FOTOEN a VIDEOEN: Shoah-Monument"Kaddisch": Erënnerung un d'Affer vum Holocaust

Um Dag vun der leschter Deportatioun aus Lëtzebuerg, den 17. 6. 1943, ass 75 Joer méi spéit dat nationaalt Denkmal fir d’Shoah-Affer ageweit ginn.

Dat a Presenz vun der groussherzoglecher Koppel, vum Chamberpresident Mars Di Bartolomeo, vum Premier Xavier Bettel, vun der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, vum President vum Consistoire Albert Aflalo, vum Grand rabbin de Luxembourg, Alain Nacache, a vum President vum Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale, Laurent Moyse.


D'Monument gouf vum franséisch-israelesche Sculpteur Shelomo Selinger realiséiert, dee selwer d'Konzentratiounslager während dem Zweete Weltkrich iwwerlieft huet, a steet um Boulevard Roosevelt do, wou déi éischt Synagoge zu Lëtzebuerg war.

D'Regierung huet fir d'Ausschaffe vum Monument enk mam Consistoire an awer och der Stad Lëtzebuerg zesummegeschafft.
© Paul Theisen

D'Monument soll un déi 658 jüddesch Fraen, Männer a Kanner erënneren, déi vun der Stater Gare tëscht dem 16. Oktober 1941 an dem 17. Juni 1943 deportéiert goufen.

Shoah-Monument/Reportage Max Schmitz



Sou een Denkustouss a Form vun enger Skulptur ass schonn am Rapport vun der Commission aux spoliations des biens juifs 2009 gefuerdert ginn. D’Plaz vun der Skulptur ass ganz bewosst ausgesicht ginn. Si steet quasi do, wou déi éischt Synagog nom Ancien Régime stoung.

Extrait aus dem Stadplang vun 1878: Déi éischt Synagog nom Ancien Régime ass hei d'Nummer 26 um Plang.


Symbolesch steet se och bal tëscht der Gëllen Fra an dem Nationalmonument vun der Solidaritéit um Kanounenhiwwel. De Virdeel vun der Plaz virun der Staatskantinn ass, dass se vu Passanten um Boulevard Roosevelt aus gesinn gëtt an dass se méi Public wäert unzéien wéi d’Monument vum Lucien Wercollier op der Pafemillen.


D’Monument aus rosa Granit ass vum Shelomo Selinger iwwer zwee Joer gemeesselt ginn. De Kënschtler, 90 Joer al, huet 9 Konzentratiounslageren an 2 Doudesmärsch iwwerlieft. D’Konschtwierk huet him och erméiglecht, ee Kaddisch fir seng Famill ze realiséieren.

"Kaddisch": Erënnerung un d'Affer vum Holocaust (17.06.2018)
Op den Dag vun der leschter Deportatioun aus Lëtzebuerg, den 17. 6. 1943, ass 75 Joer méi spéit dat nationaalt Denkmal fir d’Shoah-Affer ageweit ginn.


De Premier huet a senger Ried erkläert, dass nieft dem Monument an der Plaquette och d’Fondatioun Shoah gegrënnt ginn ass. Des Stëftung déi d’Gedenken un d’Affer vun der Shoah soll oprechterhalen, kritt ee Startkapital vun 250.000 Euro vum Staat an 10.000 vum Consistoire israélite.

Déi ganz Ried vum Lydie Polfer (17.06.2018)
Op den Dag vun der leschter Deportatioun aus Lëtzebuerg, den 17. 6. 1943, ass 75 Joer méi spéit dat nationaalt Denkmal fir d’Shoah-Affer ageweit ginn.


Op der Stater Gare gouf e Sonndeg no der Aweiung nach eng Plack devoiléiert, déi un de 75. Joresdag vum leschten Zuch, dee Judde vu Lëtzebuerg a KZer an Osteuropa bruecht huet, erënnert - dat war de 17. Juni 1943.



Är Commentairen - Netikett


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!
Sollte se net geluede ginn, hutt der wahrscheinlech een AdBlocker lafen, dee se blockéiert. Dir misst en da sou astellen, dass en eisen Site net méi komplett blockéiert.