Am Kader vum 9. Spilldag an der WM-Qualifikatioun 2026 ass et fir d'Rout Léiwen e Freideg doheem géint eis favoriséiert Noperen aus Däitschland gaangen.

Nodeems d'Lëtzebuerger am Allersmatch zu Sinsheim nach mat 0:4 kloer de Kierzere gezunn haten an no véier Matcher mat 0 Punkten op der leschter Plaz am Grupp A stoungen, wollten d'Männer et vum Jeff Strasser den Owend besser maachen an alles ginn, fir eisen däitschen Noperen e Fouss an der WM-Quali ze stellen.

D'Lëtzebuerger hu mat Léif a Séil alles fir d'Victoire ginn an hunn esou déi Däitsch, déi eng oder aner Kéier ferm ënner Drock gesat, soudatt si iwwert déi éischt Hallschent gekuckt, méi no beim 1:0 waren, ewéi eis Noperen. Allerdéngs koum kuerz nom Ufank vun der zweeter Hallschent direkt eng kal Dusch fir d'Lëtzebuerger, nodeems de Woltemade an der 49. Minutt den 1:0 markéiere konnt. Um Enn konnt dësen nach en zweete Gol markéieren, soudatt Lëtzebuerg an Däitschland sech no 90 Minutte mat 0:2 trennen.

Am anere Match am Grupp A tëscht der Slowakei an Nordirland kënne sech d'Slowake mat 1:0 duerchsetzen. An engem Match, an deem sech béid Ekippen iwwert wäit Strecke vum Match neutraliséiert hunn a keng Formatioun esou richteg de Stempel op de Match drécke konnt, kënne sech d'Slowaken duerch e Gol an der Nospillzäit duerchsetzen.

Deemno steet Däitschland op der éischter Plaz, wougéint d'Slowaken op der zweeter an d'Nordiren op der drëtter Plaz am Grupp sinn. Lëtzebuerg beleet weiderhi mat 0 Punkten déi leschte Plaz am Grupp A.

D'Resultater an d'Goler vun deenen anere Matcher, déi fannt Dir iwwregens an dësem Artikel.

De Resumé vum Match tëscht der Slowakei an Nordirland
Duerch e spéide Gol kënne sech d'Slowaken um Enn behaapten

D'Reaktioune vun de Lëtzebuerger an den Däitschen

D'Reaktioun vum Laurent Jans
Lauschtert eran, wat de Laurent zum Match ze soen huet
D'Reaktioun vum Woltemade
Lauschtert eran, wat de Woltemade iwwert de Match ze soen huet
D'Reaktioun vum Jeff Strasser
Wéi denkt den Trainer vun de Roude Léiwen iwwert de Match?
D'Reaktioune vun de Lëtzebuerger
Lauschtert an d'Stëmmen nom Match eran
D'Reaktioun vum Julian Nagelsmann
Wat seet den däitschen Trainer zum Match?

De Resumé vum Match

Lëtzebuerg - Däitschland
0:1 Woltemade (49'), 0:2 Woltemade (69')

D'Lëtzebuerger si gutt an de Match gestart an hunn direkt monter opgespillt. D'Léiwe sinn déi Däitsch héich siche gaangen an hunn esou probéiert, de Géigner ënner Drock ze setzen. Esou konnten d'Lëtzebuerger sech direkt gutt Chancen erausspillen. Schonns an der 3. Minutt ass de Kiki Martins geféierlech an den däitsche Strofraum marschéiert, konnt awer in Extremis gestoppt ginn. Mä och duerno waren d'Lëtzebuerger déi spillbestëmmend Ekipp. Zwou Grousschancë sollten aus dem Lëtzebuerger Drock entsoen: An der 11. Minutt huet de Barreiro de Sinani op enkem Raum an Zeen gesat an de Spiller vu St. Pauli huet net laang gezéckt an direkt ofgezunn, mä säi Schoss sollt knapps laanscht dem Gol aschloen. An der 18. Minutt war et dunn den Dardari, deen den 1:0 um Fouss léien hat. Mä och den Augsburger Spiller huet de Gol mat sengem Schoss no engem wonnerbare Solo verfeelt. Vun den Däitsche war mat Ausnam vun engem Schoss vum Wirtz an engem Kappball vum Anton, déi de Moris jeeweils gutt entschäerfe konnt, net vill ze gesinn. Am weidere Verlaf vun der zweeter Hallschent waren d'Lëtzebuerger weiderhin um Drécker, obschonns d'Golchancen elo méi rar geseet waren. Mä de Sinani konnt an der 21. Minutt de Baumann mat sengem Distanzschoss nach eng Kéier op d'Prouf stellen, deen dësen awer an de Corner deviéiere konnt. Virum Téi hunn déi Däitsch dunn nach awer nach probéiert, den Drock ze erhéijen, eppes Nennenswäertes sollt dobäi awer net raussprangen, soudatt eis Noperen deen Ament eng zimmlech enttäuschend Prestatioun gewisen hunn. No enger kämpferescher éischter Hallschent vun de Roude Léiwen, an där dës Pech haten, datt den Arbitter hinne keen Handeelefmeter accordéiert huet, sollt et du mat engem 0:0 an d'Kabinne goen.

D'Highlights aus der éischter Hallschent
D'Léiwen hunn alles ginn, mä si konnte sech net fir hir Méie belounen

Nom Téi kruten d'Lëtzebuerger eng äiskal Dusch. De Sané ass iwwert déi riets Säit komm, huet de Ball an de Strofraum gespillt, wou de Woltemade gelauert huet, deen de Ball dunn onbedrängt a souverän iwwert d'Linn gedréckt huet. Mä d'Lëtzebuerger hu sech vun dësem onverdéngte Géigegol net veronséchere gelooss an hu sech och nees Occasiounen erausgespillt. Esou gouf den Dardari an der 52. Minutt am Strofraum schéin ugespillt, allerdéngs sollt de Roude Léiw, op en Neits, de Gol ëm Zentimeter verfeelen.

Däitschland geet an der 49. Minutt a Féierung
Et war de Woltemade, dee mat sengem éischte Schoss de Ball am Gol ënnerbrénge konnt

D'Lëtzebuerger hu sech awer net opginn an hu weider un e Gol gegleeft. An der 65. Minutt ass nämlech op eemol de Ball virun de Féiss vum Kiki Martins gelant, dee vëlleg fräi am Strofraum stoung. Dëse war dovunner allerdéngs esou iwwerrascht, datt en de Ball net getraff an esou eng gutt Chance an de Sand gesat huet. Kuerz drop sollt de Ball awer nees am Filet vun der Lëtzebuerger léien an nees war et de Stiermer vun Newcastle, dee markéiere konnt. An der 69. gouf de Woltemade vum Baku an d'Lach geschéckt an hat am 1-géint-1 mam Moris keng Probleemer fir den zweete Gol vum Dag ze markéieren.

An der 69. Minutt kann Däitschland erhéijen
Nees ass et de Woltemade, dee Lëtzebuerg äiskal trëfft

Nom Géigegol waren d'Lëtzebuerger e bëssen ugeschloen, soudatt déi Däitsch nach zu e puer Golchancë komm sinn. Esou huet de Sané de Ball an der 79. Minutt mat sengem sate Schoss knapps iwwert de Gol gezierkelt. Och weider Distanzschëss sollten nach a Richtung Gol vum Moris fléien, allerdéngs sollt sech um Enn näischt méi um Score änneren. Lëtzebuerg muss sech no enger kämpferescher an och spilleresch gudder Leeschtung mat 0:2 géint eng däitsch Ekipp geschloe ginn, déi sech zwee Mol äiskal virum Lëtzebuerger Gol gewisen huet.

D'Highlights aus der zweeter Hallschent
An der zweeter Hallschent goufen d'Lëtzebuerger leider zwee Mol äiskal erwëscht

D'Resultater an d'Tabellen am Iwwerbléck