Escher Chrëschtmaart ass op, d'Stad preparéiert sech
Um Freideg den Owend hat den Escher Chrëschtmaart seng offiziell Ouverture, scho mëttes ware Leit do.
An der Stad gëtt sech nach preparéiert, ier de Maart d'nächst Woch, den 21. November opgeet, eng Woch virum éischten Advent.
De Stater Chrëschtmaart huet seng Ouverture d'nächst Woch, an dat op direkt sechs verschiddene Plazen: op der Place d'Armes, um Knuedler, bei der Gëlle Fra, op der Paräisser Plaz, um Hamilius, an op der Kinnekswiss.
Et wier wichteg, eng Panoplie vun Offeren ze hunn, soudass fir grouss a kleng eppes dobäi ass. Esou ass de Knuedler haaptsächlech kannerorientéiert; ënnert anerem eng Rutsch vun 8 Meter Héicht a 40 Meter Längt gëtt hei opgebaut.
Ëm Allerhellegen hunn d'Opbauaarbechten ugefaangen; op der Plëss gouf sech en neie Layout ausgeduecht, esou de Patrick Goldschmidt vun der Stad Lëtzebuerg: "Do krute mir oft Remarke gemaach, no der Pandemie, no Corona, et huet een net méi déi convivial Plaz an der Mëtt. Mir haten do en zouene Rechteck, kann ee soen. Dëst Joer probéiere mir, dat ze briechen, fir dass mir op all den Ecker vun deem Rechteck eng flott convivial Plaz kréien, wou d’Leit sech kënnen treffen. A mir hunn och d’Stänn esou gestallt, dass se zu deene Säiten – zu de Commercen – op sinn."
De Stater Chrëschtmaart geet bis de 4. Januar.
Den Escher Chrëschtmaart ass op
Zu Esch-Uelzecht war déi offiziell Ouverture vum Chrëschtmaart, schonn um Freideg de Mëtteg huet et d’Leit dohi verschloen. Do sti 24 Chaleten, fir d’Weekender si Concerte virgesinn. Bis den 21. Dezember ass den Escher Chrëschtmaart op.