De Bilal Haidach gëtt europawäit vun der Lëtzebuerger Police gesicht
© eumostwanted.eu
De Bilal Haidach gouf vu Lëtzebuerg op d'Lëscht vun de meeschtgesichte Verbriecher an der EU gesat.
Wéi et um Internetsite "eumostwanted.eu" heescht, gëtt de 24 Joer ale Mann mat marokkanescher Nationalitéit an Zesummenhang mat engem Abroch den 19. September 2023 gesicht.
Den Ament, wéi hien am Haus war, wier de Bewunner wakereg ginn. De Bilal Haidach wier an dësem Moment grad am nämmlechten Zëmmer wéi säin Affer gewiescht. Hie wier doropshin op d'Bett gesprongen an hätt dem Bewunner vum Haus seng Hänn op d'Gesiicht gedréckt.
D'Affer, dat ënner Asthma leit, hätt doropshin e kuerzen Otem kritt. De Bilal Haidach wier doropshi fortgelaf.
Hien huet eng ganz Partie falsch Nimm a soll och an engem Lëtzebuerger Nopeschland Abréch begaangen hunn. Hie kéint sech aktuell ënner enger falscher Identitéit an Europa ophalen.
Wien Informatiounen iwwer déi gesichte Persoun huet, kann dës via Mail un d'Lëtzebuerger Police oder se direkt iwwert den Internetsite "eumostwanted" matdeelen.