"Wat mir begruewen – wat mir wëlle behalen"
© Claudia Kollwelter
Esou war eng symbolesch Protestaktioun vum move, déi Jonk am Mouvement Ecologique, virun der Chamber iwwerschriwwen.
Am Kader vum internationale Klimastreik an der Weltklimakonferenz, déi de Moment a Brasilien ass, hunn déi Jonk zwou Doudeluede virun der Chamber opgestallt. Den Alex Uehmen vum move:
An deem engen hu mer déi Welt, déi mer preservéiere wëllen, dat heescht eis Natur, eis Biodiversitéit, awer net nëmmen dat, mee och d'Demokratie, eis Mënscherechter, dat heescht sou e bëssi dat, wat eis Gesellschaft sollt ausmaachen. An dann op där anerer Säit hu mer dat, wat e bëssi entre guillemets am Wee dofir steet, zum Beispill fossil Energien, déi eis Ëmwelt zerstéieren. Mir hunn och de Profit, deen iwwert dem Klimaschutz steet, deen dann och derfir suergt, datt de Klimaschutz blockéiert gëtt duerch Lobbyismus zum Beispill.






D'Sophie Thiry vum Mouvement Ecologique betount, datt et endlech un der Zäit wier, dat konkret eppes gemaach gëtt:
Eis Bëscher, eis Weltmierer, et gëtt wierklech net op se opgepasst. Wat mir war fuerderen, dass zum Beispill, dass déi Super-Räich och Steiere bezuele mussen, dass fossil Industrië Steiere bezuele mussen, dass mer net méi eebe fossil fuels gebrauche wëllen an net méi déi Massenofholzung wëllen.
Et wier een déi eidel Versprieche vun de Politiker midd an et misst een am Klimaschutz endlech virukommen, hunn déi Jonk betount.