5 Autosaccidenter, 2 Bränn a Foussgänger ugestouss
© RTL Archivbild
Wéi de CGDIS mellt, war vun e Freideg op e Samschdeg nawell méi lass op eise Stroossen.
Ugefaangen zu Nidderkuer, wou kuerz virun 18 Auer en Auto gebrannt huet. Gebrannt hat et och an enger Schlofkummer zu Ettelbréck, dat géint 19.30 Auer. A béide Fäll ass kengem eppes geschitt.
Da gouf et eng ganz Partie Accidenter. Um 18.40 Auer krute sech op der Diddelenger A3 op der Héicht vun der Aire de Berchem zwee Ween ze paken. Et blouf beim Materialschued.
Ee Blesséierte gouf et zu Meesebuerg, wou en Auto bäigaangen ass géint 18.45 Auer. D'selwecht war dat de Fall nach emol um 23.40 Auer zu Bëschdref.
Um 1.15 Auer ass dann nach e Chauffer mat sengem Gefier tëscht Simmer a Giewel am Gruef gelant. Hei ass kengem eppes geschitt. An zwee Ween krute sech op der Areler A6 Héicht Briddel, Capellen ze paken. Och hei gouf kee verwonnt.
Blesséiert gouf allerdéngs e Foussgänger um 19.40 Auer nach an der Stad nodeems en an der Rue Fort Neipperg ugestouss gouf.