D’Police huet um Dënschdeg am Kader vun der Campagne "Wanterzäit" grouss Verkéierskontrollen am Norde vum Land duerchgefouert.

Kontrolléiert goufen ënner anerem d’Vitess, d'Pabeieren, den techneschen Zoustand vun de Gefierer an d’Luuchten.

Angelduerf a Dikrech

An der Route d’Ettelbruck an der Rue du Palais stoung d’Vitess am Mëttelpunkt. Insgesamt goufen 9 Chauffere bestrooft, dovu 6 wéinst liichten Iwwerschreidungen an 2 wéinst méi héije Geschwindegkeeten (mat Punkteverloscht). Zwee weider Chaufferen hunn ee Protokoll wéinst Problemer mat de Luuchte kritt.

Fridhaff

Bei enger Kontroll an der Industriezon Fridhaff goufen 30 Chauffere verwarnt: 8 hunn der d'Stoppschëld net respektéiert, 22 hunn d’virgeschriwwe Fuer-Richtung net agehalen. D’Police huet drop higewisen, datt Chaufferen, déi d’Industriezon als Ofkierzung benotzen, de Verkéiersfloss éischter nach méi stéieren.

Gilsdref

An der Rue du Pont goufe 7 Verwarnunge wéinst technesche Mängel a 6 Protokoller wéinst Problemer mat de Luuchten, de Pneuen oder dem Warndräieck ausgestallt. Ausserdeem gouf e Protokoll geschriwwen, well e Chauffeur Drogen dobäi hat.