E Freideg den Owend war d'Konkurrenz bei der däitscher Castingshow ze staark fir den Andrea Galleti.

Virun enger Woch hat de Rea Garvey sech an de Battles fir den Andrea entscheet, well hien an him de Wëlle fir weider ze komme gesinn hat.

Andrea an de Battles bei The Voice of Germany

Haut stoungen d'Team-Fights um Programm, an deenen déi eenzel Teams géinteneen ugetruede sinn. Den Andrea hat sech fir dës Show den Dermot Kennedy "Power of Me" erausgesicht.

Dermot Kennedy - Power over me

An éischter Reaktioun weist sech den Andrea awer zefridden:

"Also ech si mega zefridde mat mer. Meng Performance ass mengen ech déi Performance, mat där ech a mengem Liewen am meeschten zefridde sinn op esou enger Bün, si war bei wäitem net perfekt. Also ech muss soen, vun deenen dräi war et gesangstechnesch elo am mannste perfekt, mee ech hu mech sou richteg, richteg wuel op der Bün gefillt an ech hunn, naja, ech géif soen 120 % ginn. Ech war ëmmer sou e bëssen driwwer an ech mengen dat war schlussendlech och esou de Problem, also ech hunn och déi misse ginn, well d'Teresa haart ze schloe war. Ja, et waren einfach fir mech zwee drënner, wou ech souguer denken, déi kënnen The Voice of Germany och gewannen."

Andrea Galetti: "Ech si mega zefridde mat mir"

Domat ass dann och dat lescht lëtzebuergescht Talent bei The Voice of Germany net méi dobäi. Fir d'Luciana Silva an d'Eugénie Moine war schonn an de Battles Schluss.

Luciana an Eugénie bei The Voice of Germany