De Collège Médical huet op déi aktuell Diskussioune reagéiert, nodeems d'AMMD d'Konventioun mat der CNS opgeléist huet.

Wann eenzel Medezinner hire Beruff ëmmer méi just nach ënnert dem Aspekt vun de Sue kucken an d'Medezin zu engem kommerziellen Objet gëtt, dann ass dat eng pervers Entwécklung, déi sech ënnert anerem an neien Dokteschgesellschaften erëmspigelt,  a Gesellschaften, wou d'Rentabilitéit iwwert den Doktesch-Eed gesat gëtt. Dat schreift de Collège Médical an engem Statement zu den aktuellen Diskussiounen an nodeem d'AMMD d'Konventioun mat der CNS opgeléist huet.

Dëst Schreiwes läit RTL vir.
 
Wéi de Collège Médical weider preziséiert, géif de Gebrauch vum Wuert "Klinik" zu PR-Zwecker géint d'Spidolsgesetz verstoussen, datt deen Terme fir Spideeler reservéiert ass.

Déif beonrouegt weise sech déi 14 Medezinner aus dem héije Gremium driwwer, datt d'Gewënn-Optik ëmmer méi an hire Beruffsfelder dominéiert an datt domat d'therapeutesch Onofhängegkeet an d'ëffentlech Gesondheetspolitik riskéieren, ënnert d'Rieder ze kommen.

Duerfir gëtt recommandéiert, datt d'Dokteschgesellschaten exklusiv sollen vu Professionelle gefouert ginn, ouni de finanziellen Apport vun externen Investisseuren an datt d'deontologesch Roll vum Collège Médicale am disziplinaresche Suivi vun dësen Associatioune gereegelt ginn.
 
Wat iwwerdeem d'Kënnege vun der CNS-Conventioun duerch d'AMMD ugeet, preziséiert de Collège Médical, datt en dorunner net bedeelegt gewiescht war, sou wéi dat alt falsch géif duergestallt ginn.

Och wann d'aktuell Konventioun sécher ëmmer kéint verbessert ginn, sou géif se awer um Solidar-Modell vun der sozialer Couverture foussen, un deem net sollt gefréckelt ginn.