LSAP an DP striewen nei Majoritéit am Wëlzer Gemengerot un
© RTL Archivbild
An de leschte Wochen hätt sech gewisen, dass eng Zesummenaarbecht tëscht CSV an DP am Wëlzer Gemengerot an der aktueller Form net méi méiglech wier.
Dat hu béid Parteien an engem Schreiwes wësse gedoen. CSV an DP hunn an deem Kontext d'LSAP kontaktéiert, fir déi awer vu vir eraus kloer war, dass d'Resultat vun de Gemengewale misste respektéiert ginn. Dat heescht, wann et den do gewielte Persounen zum haitegen Zäitpunkt méiglech wier, eng zukünfteg Koalitioun anzegoen.
A konstruktive Verhandlunge wiere sech DP an LSAP eens ginn, eng nei Majoritéit wëllen ze forméieren an zesummen d'Responsabilitéit an der Gemeng Wolz z'iwwerhuelen. Déi nei Majoritéit hätt deen Ament 9 vun 13 Mandater am Gemengerot.