Däitsch Gebäerdesprooch eestëmmeg offiziell unerkannt
An der Chamber ass ënnert den Ae vu ville Betraffenen déi däitsch Gebäerdesprooch eestëmmeg offiziell unerkannt ginn.
Dat an der Suite vun der Ratifikatioun vun der UNO-Konventioun fir d'Rechter vu Persounen mat engem Handicap. Lëtzebuerg ass eent vun de leschte Länner an der EU, dat op dëse Wee geet.
An Zukunft hunn daf Persounen a Leit, déi schlecht héieren, d'Recht sech am Ëmgang mat de staatlechen Institutiounen vun engem Gebäerden-Dolmetscher assistéieren ze loosse. An dat op Käschte vum Staat. Familljemembere vun enger betraffener Persoun hunn 100 Stonne gratis Gebäerdesprooch-Formatioun ze gutt an no enger Transitiounsphas vun zwee Joer huet all Kand, wat net oder schlecht héiert d'Recht, fir den Unterrecht a Gebäerdesprooch ze suivéieren. Dat am Sënn vun der beschtméiglecher Inclusioun.
Fir déi zukünfteg Besoinen ofzedecken, wëll de Staat 5 zousätzlech Gebäerdendolmetscher astellen. Den Ament gëtt et der nëmmen zwee.
D'CSV huet grad wéi déi Lénk derfir plädéiert, d'Offer och op déi francophone Gebäerdesprooch auszebauen. Hei kënnt ee sech um Beispill Belsch oder Schwäiz inspiréieren. D'Familljeministesch gesäit an der Unerkennung haut en éischte Schrëtt. Anerer kéinten duerchaus nokommen. An deem Kontext war haut gewuer ze ginn, datt d'Chamber am Kader vu den Aarbechten de Summer iwwer behënnertegerecht adaptéiert gëtt.