An de leschte Stonne war d'Police direkt op e puer Plazen am Land am Asaz wéinst Alkohol um Steier. 

Esou zum Beispill géint 14.45 Auer, wou et op der A7 tëscht der Of- an Opfaart Luerenzweiler zu engem Accident mat zwee Blesséierte koum. Éischten Informatiounen no wollt ee Chauffer d'Spuer wiesselen an een anere Won krut hie vun hannen ze paken, deen doropshin un d'Schleidere geroden ass an d'Leitplank an der Mëtt ze pake krut. Béid Passagéier an deem Gefier koume fir eng Kontroll an d'Spidol. Bei deem anere Chauffer war de Cannabis-Test positiv, wéi d'Police schreift. Hie krut e provisorescht Fuerverbuet.

Ëm 4.40 Auer ass enger Patrull een Automobilist opgefall, deen zu Bartreng op der Lëtzebuerger Strooss ze séier an am Zickzack ënnerwee war. Den Alkoholtest war positiv. De Chauffer huet säin Auto misse stoe loossen a krut de Fürerschäin ofgeholl.

Méi spéit, um 6 Auer e Sonndeg de Moie war een Automobilist virum Tunnel Stafelter stoe bliwwen. Hie war hannert dem Steier ageschlof. Wéi d'Police den Automobilist wollt wakereg maachen, ass hie weidergefuer, konnt awer kuerz drop op enger Tankstell zu Luerenzweiler ugetraff ginn. Och hei war den Alkoholtest positiv an de Permis gouf provisoresch agezunn.