Am Kader vun de Walfer Bicherdeeg war dëse Sonndeg och nees déi beléiften RTL-Dictée. Dës Kéier um fréiere Site vun der Uni am eduPôle, vis-à-vis vum Futtballterrain.

D'Walfer Bicherdeeg feieren dëst Joer e ronne Gebuertsdag. Fir d'Frënn vun de Bicher ass et ewell schonn déi 30. Editioun, déi e Samschdeg de Moien um 10 Auer lancéiert ass. Hei erwaart een nieft engem Occasiouns-Bichermaart och Stänn mat Editeuren an Auteuren, déi hir Bicher presentéiere sou wéi e Bichermaart speziell fir Kanner.

En anere traditionelle Rendez-vous am Kader vun de Bicherdeeg zu Walfer ass dann d'RTL-Dictée. Tëscht 10 an 12 Auer u kann ee matschreiwen a seng Sproochekenntnisser op d'Prouf stellen an dat op 3 Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch an op Franséisch.

Wéi gewinnt soll de Spaass am Vierdergrond stoen, ma et gëllt och, déi mannste Feeler ze hu respektiv ze gewannen. Déi Bescht an den eenzele Sproochen dierfe sech iwwert e flotte Kaddo freeën.