Um 13.30 Auer war et an der Géigend vum Boulevard Charles Marx an der Rue Jean Baptiste Merkel zu engem Iwwerfall komm.

Den Täter huet eng Persoun mat engem Messer menacéiert an huet hir 30 Euro ewechgeholl an ass duerno geflücht. D’Affer huet de Mann e bësse méi spéit an engem Bësch nieft dem Boulevard Charles Marx erëmgesinn an d’Police alarméiert.

De Täter konnt duerno gestallt ginn an huet Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.