D'Spezialunitéit vun der Police huet e belschen Islamist vun enger sunnitescher Terrormiliz zu Kanech festgeholl.

Wéi de Justizspriecher Henri Eippers RTL confirméiert huet, ass de Mann opgrond vun engem europäesche Mandat d'arrêt gesicht ginn a sëtzt elo an Untersuchungshaft bis en u Spuenien ausgeliwwert gëtt.

Den Terrorist soll zu engem Reseau vun Djihadiste gehéieren, déi ënnert anerem vun der spuenescher Exklav Melilla aus operéiert soll hunn. Hie soll Enn 2012 a Syrien gewiescht sinn an do zesumme mam Chef vun der spuenescher Terrorcellule nei Memberen fir d'IS rekrutéiert hunn.

Dem Justizspriecher no handelt et sech ëm e reng spueneschen Dossier.

AUDIO: Den Henri Eippers

Dem spueneschen Inneministère no huet d'Enquête e puer Méint gedauert bis de Mann hei am Land lokaliséiert konnt ginn.  Du si spuenesch Terrorspezialisten an de Grand-Duché komm, fir den Terrorist mat Hëllef vun den nationale Beamten ze verhaften.

Dem Lëtzebuerger Wort vun e Mëttwoch de Mueren no handelt et sech ëm den Davide De Angelis, alias Abou Nouh, och präziséiert dës Zeitung, datt d'Anti-Terror-Unitéit vun der Police de Mann zu Kanech verhaft huet, dat a Präsenz vun Observateure vun der spuenescher Police.

Wéi d'Wort aus gutt informéierte Kreesser rapportéiert, hätt de presuméierten Djihadist zanter dem leschte Joer ënnert der Observatioun vun der Police an dem Geheimdéngscht gestanen. Och hätt hien a regelméissegem Kontakt gestane mat radikal-islamistesche Kreesser zu Esch, iwwert déi jo ewell déi lescht Deeg op dëser Plaz rieds goung.

VIDEO: Islamist zu Canech verhaft
Opgefall wor hien Ugangs 2014 bei enger Routinekontroll vun der Police.