Zu Äischer ass d’Hallschent vun engem 300 Joer alen Haff an e Koup gefall. De Proprietär huet den Objet joerzéngtelaang sech selwer iwwerlooss.

Den INPA versicht elo ze retten, wat nach ze retten ass.
 
D’Nummer 10, ënnescht Duerf zu Äischer schéngt zimmlech um Enn. En uralen Haff, dee schonn op der Ferraris-Kaart aus de 1770er drop stoung, ass joerzéngtelaang vu sengem Proprietär einfach leieg elooss ginn.

Bauerenhaff zu äiser an de Koup gefall / Rep. Chris Meisch

Reen a Stuerm géint Steen a Geschicht. Den Hubert Hollerich wunnt vis-à-vis vum Haff a war Aenzeien: "Den 2. November huet et hei fatzeg gekraacht, d’Zille sinn duerch d’Géigend geflunn, an dunn ass de ganze viischten Deel vun der Scheier an e Koup gefall."

"Ech hu matgehollef den Dossier de classement zesummenzestellen, dat war 2021, dunn huet et dräi Joer gedauert, bis d’Haus geschützt war. Ech hat gehofft, et géing dunn dono gekuckt, dat war awer net de Fall", esou den Hubert Hollerich.

Klasséiert ass den Haff wéi gesot, agefall awer och. Fir den INPA ass et eng Situation d’Urgence. D’Gesetz gëtt hinnen an esou engem Fall d’Recht, Aarbechten an Optrag ze ginn an duerchféieren ze loossen, déi de Proprietär muss bezuelen, fir dat komplett "an e Koup fale" vum Haff ze verhënneren. Allerdéngs geet dat net ouni Decisioun vum Geriicht.

Déi Prozedur leeft, ma vläicht net séier genuch. De Patrick Sanavia,  Direkter vum INPA, erkläert: "Op dat waarde mer, ech mengen an de nächste Méint a Jore kréie mer do e bësse méi Beweegung dran, mir traitéieren elo déi éischt Fäll, et sinn nach aner Fäll zu Lëtzebuerg, wou mer probéieren, iwwer d’Geriicht däerfe bei d’Leit eran. Wa se näischt mat hirem geschützten Haus wëlle maachen. Mir vum INPA si prett eranzegoe wa mer bis däerfen!"

Souwuel de Minister wéi och de Buergermeeschter hätten direkt reagéiert. Elo gëtt sech mat Preventiounsmesure geplot, wat d’Sécherheet vun den Awunner ugeet.

"Mir hunn dem Kulturminister ëmmer erëm gesot, d’Gebai gëtt ëmmer méi schlecht. A wann elo d’Loft eng Kéier richteg drënner kënnt, kann et sinn dass dat an d’Strooss flitt, respektiv dass de Giewel an d’Strooss oder op den Trottoir fält an eng Gefor gëtt fir d’Passanten oder dem Noper vis-à-vis an d’Haus erafält. Mir hu scho Ronnballen dohinner gestallt, fir dass et net ganz an d’Fassad vum Noper fält", iergert sech den Yves Kaiser, Buergermeeschter Kiischpelt.

Zënter dem neie PAG 2022 - also nach net esou ganz laang - ass den Haff kommunal geschützt. Him géing awer eppes um Patrimoine leien, sou de Buergermeeschter. Si hätten an der lescht eng ganz Rei Gebaier selwer geschützt, d’Paschtoueschhaus zum Beispill, oder de Louhspäicher. Fir dee wiere si amgaang Offren ze froen, fir en neien Daach, fir dass d’Gebai net verfält. Problematesch wier, dass et an der Zone Verte léich.

"Mir siche no Iddien, a wa mer bis déi passend fonnt hunn, wäerte mer d’Gebai nees a Stand setzen", seet den Yves Kaiser.

D’Gemeng Kiischpelt wier och net esou därmoosse räich, kéint net alles schützen, mee hätt eng Protektioun op ronn 25 Prozent vun hirer Bausubstanz. Extrem houfreg si si op Lellgen, op Initiativ vu Sites et Monuments, ass d’Duerf haut e Village Modèle vum Patrimoine. De Message dann nach eng Kéier, vum haitegen INPA-Direkter Patrick Sanavia:

"Wann e Gebai net méi gutt ass, ass et un der Gemeng dat ze mellen, fir dass mir kënnen intervenéieren. Dem Proprietär soen dann: mir sinn do fir ze hëllefen a mir hunn och d’Suen. Wann deen awer näischt wëllt maachen, hu mer elo d’Handhab an d’Gebai eranzegoen an Aarbechten ze maachen, fir dat schlëmmst z’evitéieren. Mee dat geet nëmme mat der Autorisatioun vum Geriicht."
 
Den Hubert Hollerich setzt sech wéi gesot als Awunner vun Äischer ëmmer nees fir d’Erhale vum Patrimoine an, an traut der Gemeng net esou ganz, wann et ëm där hir Begeeschterung fir den Denkmalschutz geet. En aneren Haff, vis-à-vis vun der Kierch, wier scho jorelaang sech selwer iwwerlooss. Eppes, wat och déi aner Leit am Duerf géing iergeren. An och déi al Schoul wier a kengem gudden Zoustand.

"D’Annexen – do ass och en ale Bakuewen dran, deen Deel ass amgaange komplett zesummenzefalen, an et ass eigentlech traureg dass esou Gebaier einfach eidelstoe gelooss ginn, dass do keng Initiativen ergraff ginn, fir do eppes méi draus ze ma. Dat ass alles Proprietéit vun der Gemeng an a mengen Aen ass et wichteg, dass d’Gemeng net nëmme vun engem Modell-Duerf vu Lellgen schwätzt, mee dass do insgesamt eng ganz aner Approche kënnt, wat den Denkmalschutz an d’Erhale vun der aler Bausubstanz an der Gemeng ugeet."