D'Studentefoire plënnert fir hire 40. Gebuertsdag méi no un den Zentrum
D'Studentenorganisatioun ACEL hat de Standuert Belval rezent kritiséiert. / © Chis Meisch / Archiv
D'Studentefoire bleift net um Belval, mä plënnert erëm méi an den Zentrum vum Land.
Dat ass d'Resultat vun engem Gespréich, tëschent Vertrieder vun der ACEL an der Ministesch fir Recherche an Héichschoul, Stéphanie Obertin. Wou déi Plaz ass, wollten d'Vertrieder vun der Studentenorganisatioun nach net soen.
Et hätt een do e puer Plazen, déi ee sech elo mol wéilt ukucken an et misst ee sech natierlech och mat de Cerclen ofschwätzen. Wéinst Covid war d'Studentefoire jo vun der Luxexpo an de Süde geplënnert, op d'Uni, mä d'ACEL war net mat där Plaz zefridden.
Dofir elo de Wee zeréck an den Zentrum, op eng Plaz - esou de Wonsch vun deene Jonken - wou ee gutt mam Bus bäikënnt, déi besser un den ëffentlechen Transport ugebonnen ass, a wou Plaz fir méi Acteuren ass.
D'ACEL ass dovunner iwwerzeegt, datt eng méi zentral Plaz de Schüler et méi einfach mécht, sech spontan no der Schoul oder wa se fräigestallt sinn, iwwert hir Zukunft z'informéieren.
Virum Gespréich mat de Vertrieder vun der ACEL war d'Héichschoulministesch an der zoustänneger Chamberkommissioun an op Demande vun déi Gréng goung an där Sëtzung och Rieds iwwert d'Doleancë vun der Studentenorganisatioun. D'Stéphanie Obertin hat an der Kommissioun gesot, si wier fir oppen dofir d'Studentefoire op enger anerer Plaz z'organiséieren.
Fir déi 40. Editioun ass e Budget vu ronn 250.000 Euro virgesinn. D'ACEL seet et wier net hiert Zil, iwwert dee Montant eraus ze goen. Et wéilt een an engem räsonabele Kader bleiwen. Déi Méiglechkeet hätt een an der Stad.
Datt d'Studentefoire erëm zeréck an d'Luxexpo plënnert, ass onwarscheinlech. Deen Ament kéint nämlech de Budget net respektéiert ginn.
E Mëttwoch de Moien ass d'Héichschoulministesch Stéphanie Obertin eis "Invitée vun der Redaktioun" a mat hir schwätze mer natierlech och iwwert dat neit Konzept a froen no, ob si eventuell scho méi iwwert déi nei Plaz ka verroden.
An eisem Tëleessujet vum 7. November hat d'ACEL Kritik geüübt:
Weider Detailer kommen no.