D'Ugekloten erklären d'Faiten, déi hinnen als Falschaussoe reprochéiert ginn
© Claudia Kollwelter / RTL
Déi Ugekloten hunn hir eegen Erklärungen, wisou si net woussten, wat si hätte solle wëssen oder net konnte wëssen, wat si gefrot goufen.
En Dënschdeg de Moien haten déi sechs respektiv fënnef Ugekloten d’Wuert. Ee vun hinne muss wéinst sengem héijen Alter vu 97 Joer net méi selwer virun der Chambre criminelle erschéngen a gëtt duerch säin Affekot vertrueden.
Vill vun den Ugeklote waren no all de Jore vun de Befrounge midd, wat hinnen unzegesi war. Deen een oder anere konnt just mat Méi seng Tréinen zréckhalen. 19 Mol, wärend am ganze 65 Stonnen, wier hie scho befrot ginn, sot zum Beispill de 65 Joer ale Guy Stebens. "Ech kann deem näischt méi bäifügen, wat net scho gesot oder geschriwwen ass", esou den Ugekloten. Wéi him goung et och deenen aneren, déi obwuel se eigentlech näischt méi wollte soen, sech trotzdeem de Froe vun de Riichter gestallt hunn.
Als éischt ausgesot huet de fréiere Beamte bei der Sûreté, de Guillaume Büchler. 2003 hat hie gesot, si hätten de Ben Geiben zu Bréissel "per Zoufall mam Auto gekräizt". Méi spéit ass hien awer zur Iwwerzeegung komm, sech geiert ze hunn. Als méigleche Grond wisou him dat net direkt opgefall wier, nennt hien e méiglechen Ënnerzocker. "Ech stelle mir d’Fro, wéi eng Ursaach ech gehat hätt, an dësem Fall ze léien", freet de Guillaume Büchler. Als Enquêteur wéisst hie schliisslech, wat wéinst Falschausso kéint um Spill stoen. Fir eng méi komplex Observatioun, wéi déi vum Ben Geiben ze maachen, wier hien doriwwer eraus net ausgebilt gewiescht.
Marcel Weydert: "Ech hu mech selwer bloussgestallt"
De Reproche géint de Marcel Weydert (68), fréiere Member vun der Brigade Mobile war, dass hien am Prozess 2013 behaapt huet, op enger Foto no den Attentater op d’Kasematten ze gesinn ze sinn. E Fait, dee sech awer als falsch erausgestallt huet. "Et war eng kloer Feelaschätzung" an "Ech hu mech selwer bloussgestallt", sot den Ugekloten en Dënschdeg. Ma hien hätt keng Ursaach gehat dorun ze zweiwelen, wéi de Marc Scheer hie gefrot huet, ob hien deen op der Foto wier.
Guy Stebens: "Et ass mir näischt zu Ouere komm, wat op d’Identitéit vum Bommeleeër hiweist"
Dem Guy Stebens ass et schwéier gefall, seng Deklaratioun virzeliesen. "Fir d’éischt, well ech nach eng Kéier meng Onschold an der ganzer Affär bezeien", sou den Ugekloten a fréiere Member vun der Brigade Mobile. Hien hätt sech näischt ze reprochéieren. Op alle Fall näischt Strofrechtleches. Hien hätt viru 40 Joer als jonken Offizéier deemools sécher net alles richteg gemaach. Mee op kee Fall hätt hien eppes behënnert respektiv vertuscht. Hien hätt weder e Motiv, nach en Interêt, eppes ze verstoppen a wéisst net, wien d’Täter sinn. Och hie wéilt, dass d’Affär opgeléist gëtt, dass seng Onschold géing bewise ginn. Wéi hien de Grupp fir d’Enquête Bommeleeër iwwerholl huet, wiere scho 15 vun den 20 Attentater passéiert gewiescht, a mat senge 25 Joer hätt hien net genuch Beruffserfarung fir de Poste gehat.
Wärend der Observatioun Geiben zu Bréissel an dem Attentat op de Palais wier hien net am Land gewiescht. Wéi hien erëmkomm wier, wier awer net weider driwwer geschwat ginn.
Pierre Reuland: "Et weess een net méi, wat ee soll soen"
"2013 war ech e ganz speziellen Zeien", seet de Pierre Reuland, fréiere Chef vun der Brigade Mobile. Ma hien erkläert sech dëst duerch zwee Evenementer. Wéi am November 2007 de Marc Scheer an de Jos Wilmes verhaft goufen, wier dat fir hien dee gréisste Schock am Liewe gewiescht. Hien hätt déi zwee wärend hirer aktiver Zäit all Dag gesinn, et hätt ee sech zu aacht Leit e klenge Büro gedeelt. E Raum, an deem een zesumme gelieft hätt, erkläert et den Ugekloten. Hien hätt sech net kënne virstellen, all Dag mat zwee Stéck zesumme gewiescht ze sinn, déi als Bommeleeër verdächtegt ginn. Heiansdo wier een zesummen an enger Operatioun gewiescht, wann en Attentat war. Hien hätt et dono als Responsabilitéit gesinn, fir sech als Verwaltungschef hannert si ze stellen. Bis haut ass hie vun hirer Onschold iwwerzeegt.
Doriwwer eraus wier am SREL-Rapport, deen 2007 un d’Ëffentlechkeet komm ass, festgehalen, dass hien net un der Observatioun Geiben deelgeholl hätt. Domat wier hien zur Conclusioun komm, dass hien net dobäi war. Mat dësen zwou Iwwerzeegunge wier hien 2013 an de Prozess gaangen. Och hie freet sech, wou fir hien den Interêt sollt si fir ze léien. "Ech sinn net de Bommeleeër, ech kennen de Bommeleeër net an hunn och näischt ze verstoppen", widderhëlt den haut 67 Joer ale Mann, deen 18 Mol befrot a verhéiert gouf.
Op Nofro, wisou et keng Nofroen zu der Observatioun Geiben an der Zäit goufen, sot de Pierre Reuland: "Mir waren net d’Enquêteuren, mir d’Brigade mobile, hunn hinnen zougeschafft. Mee d’Käpp vun der Enquête souzen net an der Brigade Mobile."
Armand Schockweiler: "Dat war déi Zäit esou"
"Ech hu 17 Auditioune matgemaach. An deenen hunn ech all Informatiounen, jee no Wëssensstand, ginn an ëmmer d’Wourecht gesot", huet den Armand Schockweiler (70), fréiere Beamte vun der Sûreté betount. Hien huet awer kritiséiert, dass bei der Duerstellung vun de Faiten, déi him reprochéiert ginn, sech net an d’Situatioun vun deemools eraversat gi wier. Et wier ganz anescht geschafft gi wéi haut. Do wiere Saache gemaach ginn, déi een haut net méi mécht a Saachen net gemaach ginn, déi een haut mécht. Et wieren aner Prozeduren deemools gewiescht. Saache wieren net dokumentéiert ginn, mee mëndlech gemaach ginn. "Dat war déi Zäit esou", seet de Mann vun haut 70 Joer. All grouss Affäre wieren esou gelaf.
Wéi d’Riichterin nogefrot huet, wat deemools aus der Pist Geiben gi wier. Wisou ee vun haut op muer net méi driwwer geschwat huet, sot den Ugekloten, dass hie keng Erklärung hätt. "Iergendwann koum e Punkt, wou kee méi un d’Pist Geiben gegleeft huet." Wéi déi véier Beamten op Bréissel komm wieren am Oktober 85, fir sech mat der belscher Police auszetauschen, hätt de Ben Geiben scho vun der Observatioun gewosst. Wuel iwwert e Kolleeg. Et wier dat, wat gemengt wier, wann ee géing soen, dass eppes zu Bréissel schif gaange wier.