Am Laf vum Méindeg huet d'Police zwou Persounen an der Stad festgeholl.

Am spéiden Nomëtteg krut d'Police en Déifstall an engem Akafszenter um Kierchbierg gemellt. Eng Patrull ass op d'Plaz gefuer a konnt eng verdächteg Persoun ermëttelen, bei där och déi geklaute Géigestänn konnte séchergestallt ginn. Dës goufen dem Akafszenter zeréckginn. Déi presuméiert Déiwin gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.

E Méindegowend huet eng Patrull vun der Police um Boulevard de la Pétrusse am Garer Quartier eng Rei vun Iwwergaben tëscht engem Mann an e puer anere Persoune beobacht. Et koum de Verdacht op, dass et sech ëm en Drogendeal handelt. De presuméierten Dealer konnt direkt gestallt ginn. Wéi d'Beamten hie kontrolléiert hunn, hu si Drogen, Suen an en Handy séchergestallt a saiséiert. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum en Dënschdegmoie virun den Untersuchungsriichter.