De 25. November ass "Roses Revolution day", e Weltdag, wou op d'Gewalt an d'Respektlosegkeet wärend Schwangerschaften a Gebuerten opmierksam gemaach gëtt.

An deem Kader appelléiert d'ALSF, d'Association luxembourgeoise des Sages-femmes, un d'Politik, dass och hei zu Lëtzebuerg nach Verännerungen an deem Beräich néideg sinn.

An engem Schreiwes ginn zwee Beispiller genannt, nämlech, dass villméi op eng kontinuéierlech Betreiung vun enger Hiewan oder enger Hiewannen-Ekipp, wärend der Schwangerschaft, der Gebuert an och nach an der Zäit dono gesat gëtt. Donieft sollt de Prinzip vun der Eent-zu-Eent-Betreiung, onofhängeg vun der Gebuertsplaz vill méi sollt agehale ginn. D'Roll vun ausgebilten a spezialiséiertem Gesondheetspersonal, eben am Beräich vun der Gebuertshëllef, wier dofir onëmgänglech.