D‘Snus-Päckelcher, déi ee sech ënnert d‘Lëps ka leeën, fir e séieren Nikotin-Kick, suerge weider fir Opreegung.

Wéinst der neier Legislatioun, déi de Snus vum nationale Marché zwar net schwaarz op wäiss verbitt, awer trotzdeem quasi ausschléisst, fillt de Lëtzebuerger Produzent Heintz van Landewyck sech op d‘Féiss getrëppelt.
 
Fréier goufen hei d‘Zigarette produzéiert. Elo huet den Traditiounsbetrib hei zu Hollerech investéiert, fir d‘Produktioun vum tubakfräie Snus opzebauen. Ma d‘Chamber huet Enn Oktober en Anti-Tubaksgesetz mat engem Text vun der viregter Regierung gestëmmt, dat d‘Snus-Säckelcher de facto verbitt. Fir de Patron Georges Krombach ass et net ze verstoen: just 0,048 Milligramm Nikotin si pro Sachet erlaabt. Esou vill wéi natierlech an zwou Auberginnen ass: "Mir sinn am Fong der Meenung, d‘Warnhiweiser missten dann och op d‘Auberginne kommen, well dat ass wat d‘Autoritéite wëllen. Mat der Dosis wär eise Snus-Produit onattraktiv fir de Consommateur deen den Nikotin trotzdeem sicht. Domat wäert eng Online-Demande explodéieren. Et kann een de Produit op dausende Sitten ouni Problemer bestellen."
 
De Schwaarzmaart wäert boomen, prophezeit de Georges Krombach. E Verbuet wär einfach ze kuerz geduecht. Seng Argumenter goufe virop vun der ADR an deels vun de Piraten erëmginn an der Chamber. Déi aner Parteie gesinn den Nikotin, an dem Georges Krombach seng lackeleg-faarweg a parfüméiert Produiten, als ze grouss Gefor fir déi Jonk. D‘Rapportrice vum Gesetzprojet Françoise Kemp vun der CSV sot: "Nikotin ass a bleift eng Sucht, och wann d‘Form sech geännert huet. D‘Politik däerf net hannendru lafen, wann de Marché ëmmer méi kreativ gëtt."

 
Dobäi war de Produzent fir d‘Altersgrenz vun 18 Joer, Warnhiweiser an eng Limite tëscht 6 a 16 Milligramm Nikotin pro Sachet. An net ze vergiesse Steieren um Snus. De Georges Krombach vun Heintz Van Landewyck erkläert, dass d‘Firma sech drop agestallt hat Steier-Etiketten op d‘Këschten ze pechen: "Nodeems d‘Accise um Produit decidéiert gi war, hu mir iwwer eng Millioun Euro hei zu Lëtzebuerg investéiert a Maschinnen déi d‘Etiktten drop pechen. Méindes kënne mir der Steier-Etikette kafen an den Dag drop kréie mir de Produit verbueden. Dat ass fir eis en industriellen Albdram. Mir investéiere Suen zu Lëtzebuerg, an den Dag drop kréie mir de Produit verbueden. Mir verstinn net, wat do lass ass."
 
Well d‘Lëtzebuerger Snus-Produiten an iwwer 25 Länner exportéiert ginn, baut de Produzent aus. D‘Fabréck gëtt allerdéngs an d‘Ausland verluecht, op Tréier. De Georges Krombach hofft, dass d‘Nikotin-Grenz nach no uewen ugepasst gëtt, fir dass d‘Sacheten och hei konventionell verkaaft kënne ginn, an net just iwwer auslännesch Internetsitten trotzdeem hei landen.