No der Kollisioun e Samschdeg de Moie fréi tëscht engem Camion an engem Auto op der Diddelenger Autobunn ass den Automobilist am Spidol gestuerwen.

En Auto war e Samschdeg de Moie géint 4.00 Auer op der A3 a Richtung Frankräich tëscht dem Beetebuerger Kräiz an der Sortie Diddeleng engem Camion hannendrop gerannt. De Chauffer huet misse vum CGDIS aus sengem Gefier erausgeschnidde ginn. Hie koum mat liewensgeféierleche Blessuren an d'Klinik, wou hien an der Nuecht op en Dënschdeg gestuerwen ass.

Op der Plaz waren de CGDIS, de Samu an d'Ponts et chaussées.

E Samschdeg de Moie war och d'Police technique op der Plaz, fir déi genee Grënn vum Accident ze ermëttelen. Dowéinst war d'A3 vum Beetebuerger Kräiz un a Richtung Frankräich eng zwou Stonne laang fir den Trafic gespaart ginn.