Kierperlech, sexuell, finanziell a psychesch Gewalt sinn och zu Lëtzebuerg eng Realitéit, déi vill méi dacks virkënnt, wéi et op den éischte Bléck schéngt.

Eng Etüd vu virun dräi Joer geet dovun aus, datt iwwer 80.000 Persounen am Grand-Duché schonn Affer vu Gewalt goufen. Dräi Véierel vun de Fäll ginn ni gemellt. Vill Betraffen, besonnesch bei méi extreemen a komplexe Situatiounen, wëssen den éischte Moment dacks net, u wien se sech solle riichten. Genee hei ënnerstëtzt zanter Abrëll de Centre national pour victimes de violences – kuerz den CNVV.

An engem rouege Quartier um Belair – net weit vun der Stäreplaz - gouf den Zenter als Ulafstell fir Erwuessener a Kanner integréiert, déi Gewalt erlieft hunn oder sech Froen dozou stellen. Et brauch ee kee Rendez-vous, keng Pabeieren oder liewensverännerend Decisioune matzebréngen. Den éischte Schrëtt ass: ukommen, sech sécher fillen, an endlech emol ouni Drock erziele kënnen.

"Mir hu keng Erwaardungen. Wann d'Persoun eis nëmme wëll verzielen, wat hir geschitt ass, ass dat okay, wa se eis seet, datt si e gewësse Besoinen huet, datt si e gewëssen Demarchë wëll maachen, informéiere mir, mir ënnerstëtzen a mer guidéiere se an déi Richtung", erkläert d’Ashanti Berrend, Responsabel vum CNVV bei der Lëtzebuerger Croix-Rouge.

Och vill Männer melle sech am Zenter

Tëscht Enn Abrëll an Enn November hunn 120 Persounen den Zenter besicht, nach emol 80 hu per Telefon oder Mail no Hëllef gefrot. Gewalt heescht net nëmme Schléi a Coupen. Vill Fäll, déi am Zenter landen, hu mat psychescher Gewalt ze dinn: Kontroll, Erniddregungen, Isolatioun. Ongeféier zwee Drëttel vun de Situatioune spille sech am intrafamiliäre Kontext of: Partner, Ex-Partner, oder aner Leit aus dem selwechte Stot. Iwwerraschend fir d’Ekipp: Et sinn net nëmme Fraen, déi sech mellen. "Mer si bei ongeféier bei engem Drëttel u Männer déi sech mëllen. Wou een awer och muss erwänen, do sinn och Jonge mat dran. (…) Oft hu mer d'Elteren, déi a Begleedung vun hire Kanner kommen, wou mer och da mierken, datt d'Kanner direkt oder indirekt Affer am Kader vun der haislecher Gewalt sinn", seet d’Ashanti Berrend.

Et gëtt wieder rekrutéiert

Fir déi jéngst Affer gëtt et eng eege Kannerzon mat Spillsaachen. E sécheren Eck, wou Gespréicher mat den Elteren an de Kanner ouni Drock kënne stattfannen. Amplaz datt d’Affer vun Instanz zu Instanz geschéckt ginn, kommen déi Professionell an de CNVV: Infirmièren, Sozialaarbechter, eng Affekotin, a geschwënn och Psychologen. "Zousätzlech zu den Infirmièren an den Travailleurs sociaux, déi mer schonn hunn an déi nach dobäi kommen, wäerte mer och Psychologe rekrutéieren, fir eng éischt Prise en charge, eng Therapie brève unzebidden, fir d'Persounen opzefänken an an der Kris e bëssen ze stabiliséieren. An dann hu mer eng Mataarbechterin, déi grad hiren Hond forméiert als Begleethond", erkläert déi Responsabel vun der Croix-Rouge.
 
Vum Fréijoer nächst Joer u soll de Service, deen op Initiativ vum Ministère fir d'Chancëgläichheet an d’Liewe geruff gouf a vun der Croix-Rouge verwalt gëtt, 24 Stonnen den Dag, siwen Deeg an der Woch accessibel sinn. Fir all Affer vu Gewalt, egal wien, egal wéini.
 
Wann Dir op der Sich no Hëllef sidd, fannt Dir se op Violence.lu an um Telefon 20601060.