Prozess Doud vun Zaldot um Waldhaff
De Parquet freet 2 Joer Prisong an eng Geldstrof
VIDEO: Doud vun engem Zaldot: leschte Prozessdag
De Parquet fuerdert feste Prisong, den Affekot vum Ugekloten integrale Sursis.
Am Prozess wéinst dem Doud vun engem Zaldot um Waldhaff goufen um Méindeg d’Plaidoyere gehalen. D’Defense freet 9 Méint Prisong mat Sursis.
De Parquet fuerdert 2 Joer Prisong ferme plus eng Geldstrof vun 10.000 Euro. Den Ugekloten koum zu Wuert an hie blouf bei senger Meenung, de Schoss hätt sech duerch eng schlecht Manipulatioun vum Gewier geléist gehat.
Den Affekot vun der Défense fir säin Deel bleift a sengem Plaidoyer der Meenung, d'Arméi hätt duerch schlecht Formatioun a schlecht Kontrolle vun den Zaldoten eng grouss Matschold um Dout vum 22 Joer alen Zaldot.
Am meeschte gelies