Medikamenter mat der Hëllef vum Patient méi sécher maachen
Et ass entretemps déi fënnefte Kéier, datt Lëtzebuerg bei dëser weltwäiter Campagne, der Med Safety Week matmécht.
Et wëll ee virun allem d'Leit souwéi och déi Professionell aus dem Gesondheetssecteur sensibiliséieren, fir zesummen un enger besserer Medikamentesécherheet ze schaffen. Virop sollen Niewewierkunge vu Medikamenter méi konsequent vu Patiente gemellt ginn, fir esou d'Pharmakovigilenz ze verbesseren.
Wann ee Medikament op de Maart kënnt, sinn d'Etudë ronderëm dat Medikament ofgeschloss: Konkret heescht dat, datt Patienten, déi dat huelen, dann net méi esou suivéiert ginn, fir bis ewell onbekannten Niewewierkungen z'erfaassen. Fir onbekannten an onerwënschte Symptomer festzestellen, déi an de Laangzäit-Etudë virdrun net opgefall sinn, sinn d'Autoritéiten drop ugewisen, datt d'Patienten dës Symptomer mellen, esou d'Anne-Cécile Vuillemin vun der Santé:
"Wa Patienten Niewewierkungen hunn, déi eis net gemellt ginn, kënne mir do keng Analys maachen. An haaptsächlech fir seelen Niewewierkungen, déi net wärend de Studie gesi gesinn, da kënnen déi laang am Fong ënner Waasser bleiwen, ouni dass mir eng Alerte hunn."
Wa bis Niewewierkunge gemellt ginn, ginn déi analyséiert an och um Europäesche Plang zesumme mat deenen anere Länner evaluéiert. Dëse Prozess hëlleft fir d'Gebrauchsanweisungen unzepassen an esou d'Medikamenter méi sécher ze maachen:
"All déi Saache solle gemellt ginn, déi ginn analyséiert, net nëmmen déi lëtzebuergesch Donnéeën, mee och mat all den europäeschen Donnéeë vun deenen anere Länner, fir dass een an der Notiz esou präzis ka si wéi méiglech, fir dass de Patient weess, wat ka virkommen, wat e soll maachen."
Wann onerwënschte Symptomer optrieden, soll ee sech am beschte bei sengem Dokter mellen, oder iwwert ee Formulaire fueren:
"Fir de Moment ass et op guichet.lu, do ass e Formulaire, do ass awer och eng Telefonsnummer, eng E-Mail. Et kann een eis also uruffen oder de Formulaire per E-Mail schécken a ganz geschwënn, elo an deenen nächste Wochen, wäert dat och um MyGuichet sinn, als eng Demarche fir d'Patienten, fir d'Gesondheetsprofessioneller an dann ass et och vereinfacht", sou nach d'Anne-Cécile Vuillemin.
''Zesummen d'Medikamenter méi sécher maachen'', dat ass de Kärmessage vun der Med Safety Week 2025.
Méi Informatioune fënnt een op santesecu.lu.