"Et geet drëm, Mënsche mat Trisomie an d’Gesellschaft ze integréieren"
Dëst Joer feiert d'asbl Trisomie 21 de 25. Gebuertsdag, ënnert anerem mat enger Fotosausstellung an hirem Restaurant an der Gemeng Suessem.
D'Elis schafft elo bal ee Joer am Restaurant Madame Witzeg, direkt nieft dem Altersheem bei der Waassertrap zu Bieles. Déi jonk Fra hëlleft iwwerall mat - am Service, an der Kichen oder beim Ophuele vu Commanden. Am Interview sot si, dass se sech doduerch wuel a gebraucht spiert.
Am Ganze schaffen zéng Fraen a Männer mat Trisomie 21 an dësem inklusive Restaurant. Encadréiert gi si vu Käch an Educateuren.
































"Et geet ëm Inclusioun"
Fir d’asbl Trisomie 21, déi de Restaurant bedreift, ass dëse Projet vill méi wéi just eng Aarbechtsplaz. Et ass e wichtege Schrëtt an d’Richtung vun aktiver Inclusioun.
"Et geet drëm, Mënsche mat Trisomie an d’Gesellschaft ze integréieren, hinnen eng Perspektiv ze ginn an ze weisen, wat si alles kënnen“, erkläert eng Responsabel.
D’asbl setzt sech zanter 25 Joer dofir an, d’Liewensqualitéit vun de Betraffene ze verbesseren - kleng, awer wichteg Schrëtt wiere scho ginn. Leit mat Trisomie wieren immens empathesch an emotional, mee et feelt nach ëmmer u Wunnstrukturen.