Mëssstänn beim Tice
FGFC wëll Dossier bei Conciliateur bréngen
De Konflikt tëschent dem Gemengesyndikat FGFC an dem Transportsyndikat TICE spëtzt sech zou.
D'FGFC wëll den Dossier elo bei de Conciliateur bréngen. D'FGFC hätt zanter engem Joer ëmmer nees den Dialog gesicht, fir Mëssstänn unzeschwätzen an ee gesond Aarbechtsëmfeld ze schafen. Weder d'Direktioun vum TICE nach déi politesch responsabel wieren dialogbereet.
Elo géing et duergoen, esou d'FGFC en Donneschdeg de Mëtteg an engem Schreiwes.
Am meeschte gelies