D'Police mellt dräi Festnamen. Dorënner ee Mann mat engem Messer, een, deen an en Auto agebrach ass an een hat mat enger Béierfläsch op en anere geschoss.

Wéi d'Police schreift, ware si e Mëttwoch de Moie wéinst engem Abroch an en Auto an der Rue Kalchesbruck zu Weimeschkierch alarméiert ginn. Deemno soll den Täter eng Fënster ageschloen an e Rucksak geklaut hunn. Op der Plaz hunn d'Beamten en zweete beschiedegten Auto fonnt. Méi spéit konnt och de Verdächtegen ermëttelt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum en Donneschdegmoie virun den Untersuchungsriichter.

Zu enger weiderer Festnam koum et e Mëttwoch am Nomëtteg géint 16.20 Auer um Plateau St. Esprit an der Stad. Hei war de Beamten e Mann gemellt ginn, well hie mat engem Messer ënnerwee war. Bei der Kontroll vum Mann huet dësen de Beamte gedreet. De Parquet, deen informéiert gouf, huet ordonéiert, de Mann festzehuelen. Hien hat en Donneschdeg de Moie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

An de fréie Moiesstonne vum Donneschdeg war deemno ee Mann an der Rue du Fort Wedell am Garer Quartier gemellt ginn, dee mat enger Béierfläsch op en anere Mann geschoss hat, dësen awer net erwëscht hat. Op der Plaz konnten d'Beamten de Mann untreffen, dëse war awer esou staark alkoholiséiert an huet sech onkooperativ verhalen, esou datt en an de Passagearrest koum.