D'Pompjeeën haten zwar nach geläscht, ma e Mëttwoch de Mëtteg ass en Auto en Affer vun de Flame ginn.

Kuerz no 12 Auer haten Zeien en Auto, deen op der Landstrooss vun Diddeleng op Zoufftgen (F) stoung, gemellt - dee géif nämlech brennen.

D'Pompjeeën aus dem Diddelenger Asazzenter sinn op d'Plaz gefuer an hunn d'Flame mat Drockloftschaum geläscht. Trotzdem konnt en Totalschued net evitéiert ginn.

Blesséiert gouf bei dësem Virfall keen. Eng Enquête soll elo erausfannen, firwat et iwwerhaapt zum Feier komm ass.