Bierger vun Ierpeldeng-Sauer stëmmen haut a Referendum of
© Andy Brücker / RTL
Ufank Juli hat sech de Gemengerot net dorobber eenege kënnen, ob ee sech weider un de Gespréicher iwwert eng Fusioun bedeelege soll oder net.
Et hat een doropshin d'Decisioun geholl, datt d'Bierger vun Ierpeldeng-Sauer doriwwer ofstëmme sollen. Um Sonndeg ass et esouwäit an d'Leit stëmmen driwwer of, ob hir Gemeng weider un de Sondéierungsgespréicher iwwert eng Nordstadfusioun mat Dikrech, Ettelbréck a Schieren deelhuele soll oder net.
Bis 14 Auer kënnen d'Bierger an d'Biergerinnen hir Stëmm nach ofginn. D'Participatioun ass obligatoresch fir Lëtzebuerger an Auslänner, déi sech op d'Wielerlëschten agedroen hunn. E Sonndeg am Nomëtteg soll géint 16 Auer d'Resultat bekannt gi ginn.
Am Virfeld vum Referendum haten déi Responsabel vun der Gemeng d'Bierger nach emol iwwer een Infoowend informéiert. D'Populatioun vun der Gemeng Ierpeldeng géing an deenen nächste Joren a Joerzéngte massiv wuessen, mat oder ouni Fusioun. Ma wann Ierpeldeng net mat sengen Nopere vun Dikrech, Ettelbréck a Schieren zesummegeet, wäert d'Gemeng sech d'Infrastrukturen, déi esou ee Wuesstem no sech zitt, finanziell net leeschte kënnen. Bei enger Nordstad-Fusiounsgemeng géing dat par contre anescht ausgesinn. Dat war den Haaptmessage vum Buergermeeschter Claude Gleis op deem Owend. Duerch esou een Zesummeschloss hätt ee méi finanziell Moyenen, fir zum Beispill Infrastrukturen an de Beräicher Bildung a Sport ze bauen. An datt een där dringend neier bräicht, wéisst ee spéitstens zanter d'Turnhal zu Dikrech wéinst engem Waasserschued huet missen zougemaach ginn.