Eemol d'Woch kucke mir fir ee méi jonke Publik an eisem Kannativi op d’News vun der Woch zeréck an dat op kannerfrëndlech Manéier erkläert

Hei kucke mer op d’franséisch Alphabetisatioun am Fondamental, ewéi och der Weltklimakonferenz a Brasilien, der COP30, an och de Futtballmatch tëscht Lëtzebuerg an Däitschland. An e Freiden ass de Stater Chrëschtmaart opgaang: wat ass do wuel alles opgeriicht?

An am Reportage duerno geet et ëm d’Kannermeteo. Den 20. November war jo de Weltkannerdag an do gouf een Deel vun der Meteo vum 12 Joer jonke Claire presentéiert. Wéi dat hannert de Kulissen ausgesinn huet, weise mir iech.

Wat sinn d'Kannaniuuss?

Op kannerfrëndlech Aart a Weis erkläre mir, wat zu Lëtzebuerg an an der Welt geschitt. D’Kannaniuuss sinn ëmmer opgedeelt an en Newsblock an e Reportage, bei deem mir engem Thema op de Fong ginn. Dobäi komme Kanner och selwer ëmmer erëm zu Wuert an de Kannaniuuss ginn et reegelméisseg och Reportagë vun eise jonke Kanner-Reporter. Déi aktuell Emissioun vun de Kannaniuuss fannt dir ëmmer sonndes moies um 9 Auer um RTL Play.