No déidlechem Daucher-Accident um Stauséi stelle sech Froen
Nom déidlechen Accident e Sonndeg vun engem Taucher am Stau bei Lëlz ass d'Ursaach vun deem Accident nach ëmmer am Ongewëssen.
Wéi et vun de Kollegen op RTL Télé geheescht huet, hätt de 60 Joer alen Taucher, deen an enger Déift vu 27 Meter ëm d'Liewe koum, eréischt virun 2 Joer mat deem Sport ugefaangen.
Nach viru Kuerzem hat den Taucher eng Partie Breveten am Roude Mier gemeet.
Wéi et vun Experten heescht, kéint et sinn, datt d'Affer net gutt genuch op déi speziell Tauch-Konditiounen am Stau preparéiert war respektiv, datt d'Erfahrung am Ëmgang mam „Dréchecostume“ net grouss genuch war.
Zu Lëlz ass en Taucher um Sonndeg de Moie géint 10 Auer bei engem Tauchgang accidentéiert. Aus nach ongekläerte Grënn ass de Mann onkontrolléiert an d'Déift gaangen. Den Taucher konnt schwéier gebuerge ginn, well hien op enger déifer Plaz am Stauséi erofgaangen ass. Am Laf vum Sonndegnomëtteg konnten aner Taucher d'Läich vum Mann fannen an u Land bréngen.
Den Dikrecher Parquet huet eng Autopsie ugefrot. Och den Tauch-Equipement gouf op Uerder vum Parquet saiséiert.