Rendez-vous fir den investigative Reportage war e Mëttwoch den Owend um 18.55 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg an ass elo op RTL.lu.

Modern Sklaverei ... Sozialen Dumping ... onmënschlech Liewenskonditiounen - staark Wierder, déi ëmmer méi dacks Entreprisen am  Bausecteur schéngen ze beschreiwen, och hei zu Lëtzebuerg!

Portugisesch Aarbechter kommen heihi mat der Hoffnung op eng Aarbecht, deemno och op eng besser Zukunft wéi déi, wou se a Portugal hunn, ma ganz séier platzt déi Hoffnung fir esou munchereen.

Salairë wäit ënnert dem Mindestloun ... zum Deel keng Aarbechtskontrakter ... a vun de Liewenskonditiounen net ze schwätzen.

Eng RTL-Equipe huet sech am Milieu ageschleist a mat betraffene geschwat. D'Resultat: Erstaunlech!

VIDEO: Undercover: Modern Sklaverei op Lëtzebuerger Chantieren?
Alles huet ugefaange mat enger klenger Renovatiounsfirma ... En Temoignage vun der RTL-Journalistin Deborah Ceccacci.

Alles huet ugefaange mat enger klenger Renovatiounsfirma ...

Eng kleng Lëtzebuerger Renovatiounsfirma wor den RTL-Journalisten Deborah Ceccacci an Dan Wiroth bei hire Recherchen opgefall, well se ënnert där selwechter Autorisatiounsnummer agéiert wéi eng Jardinage-Gesellschaft. Am Laf vun de Recherchen huet sech erausgestallt, datt de Patron vun dësen Entreprisen net nëmme seng Leit net bezilt an hinne keng Kontrakter gëtt, ma se och ënnert doutéise Konditioune bei sech logéiert.

Souwuel Aussoe vu betraffenen Aarbechter, ewéi och dem Patron seng Aussoen, déi e géigeniwwer engem vun ons infiltréierten Aarbechter gemaach huet, ënnersträichen nach emol déi ganz Irregularitéiten, déi hei zum Virschäi koumen.

Och grouss Lëtzebuerger Chantiere si betraff

Fäll vun ënnerbezuelten Aarbechter, goufen iwwerdeems dann och um Chantier vun der Polvermillen vun onser RTL-Equipe opgedeckt. E Chantier subventionéiert vu Staatsgelder, zum Deel souguer EU-finanzéiert. Eng Feraillage-Entreprise wor hei opgefall an d’ITM (d'Inspection du Travail et des Mines) huet no enger Kontroll och ons Recherchë confirméiert. Eng Partie Aarbechter goufen hei wäit ënnert dem Mindestloun bezuelt. Elo leeft d’Enquête.

AUDIO: Top Thema Undercover um Radio: Modern Sklaverei um Chantier

Reaktiounen op de Reportage

No der Diffusioun vum "Top Thema Undercover: Sozialen Dumping a Modern Sklaverei op de Lëtzebuerger Chantieren", koumen och schonn éischt Reaktiounen vun offizieller Säit. Den CSV-Deputéierte Marc Spautz, huet an deem Kader eng Question Parlementaire, un den Aarbechtsminister an dem Infrastrukturminister geriicht. De ganzen Text kënnt der hei noliesen.

Eng weider Question Parlemantaire koum dann och um Donneschdegmëtteg vun déi Lénk.

Reaktiounen koumen dann och aus der portugisescher Press: d'Dageszeitung "Jornal de Noticias" huet en Artikel an deem Kader publizéiert.

Och d'Federatioun vun den Handwierker huet déi Irregularitéiten déi opgedeckt goufe verschäerft kritiséiert. An engem Communiqué fuerderen si méi streng Sanktiounen, bei Fäll vu sozialem Dumping. De Badge Social wier e Schratt an déi richteg, ma nawell misst een och dofir suergen datt d'Inspection du Travail et des Mines déi néideg Ressource kritt fir richteg um Terrain ze agéieren. Hei dann och d'Opfuerderung vum Staat, net ëmmer nëmmen dee bëllegsten Entrepreneur ze huele mä deen deen um wirtschaftleche Plang am interessantesten ass.