De Luc Frieden reagéiert op d'Resultat vun der Sonndesfro

© RTL Archiv
D'CSV-Membere si beim Resultat vun der Sonndesfro ganz sécher net vu Freed an d'Luucht gesprongen.
Ma de Parteipresident a Regierungschef Luc Frieden bleift, op d'mannst no baussen, optimistesch. Hie schwätzt, wéi Politiker dat meeschtens no esou engem Sondage maachen, vun enger Momentopnam.
Eng Momentopnam, déi just nom Enn vun de Sozialronne gemaach ginn ass, seet de Premier. Dat stëmmt. D'Leit sinn tëschent dem 15. an dem 29. September ëm hir Meenung gefrot ginn an déi lescht Sozialronn war den 3. September. D'Regierung hat do notamment eng Pensiounsreform decidéiert, et goung ëm d'Sonndesaarbecht an déi méi laang Ouvertureszäiten am Commerce. Eleng wat d'Pensioune betrëfft ware bal zwee Drëttel vun de Leit der Meenung, datt d'Regierung kee Recht hat, Decisiounen ze huelen, ouni datt et en Accord mam Patronat an de Gewerkschafte gouf.
Fir de Luc Frieden spigelt sech déi Pensiounsreform dofir och ganz däitlech am Resultat erëm:
"Eng Pensiounsreform, wéi ee weess, am Ausland an zu Lëtzebuerg ass ëmmer eppes ganz Schwiereges. Mir hunn eng Pensiounsreform gemaach, nodeem mer festgestallt hunn, datt d'Sozialpartner sech net géifen eens ginn, well se ganz ënnerschiddlech Vuen haten. An do huet d'Regierung hir Verantwortung iwwerholl. An dat si besonnesch CSV-Ministeren, déi zoustänneg si fir deen Dossier. An dat, mengen ech, erkläert largement dat Resultat."
E Resultat, dat sécher net flott wier, mä dat eben och net géif iwwerraschen. Den CSV Parteipresident a Premier ënnersträicht awer, datt seng Partei trotz dem Minus vu 4 Sëtz, nach ëmmer déi Stäerkst ass a méi wéi 5 Prozent virun där Zweeter läit. Dat ass de liberale Koalitiounspartner.
Bei der LSAP an der ADR kéinte se feieren, wann e Sonndeg Wale wieren. Si kréichen allebéid zwee Sëtz bäi, ma fir de Luc Frieden ass et schwiereg z'erklären, wéi eng Stëmme wou hi ginn:
"Mer liewen an onsécheren Zäiten an da sichen d'Leit Alternativen. An ech mengen de Fait, datt mer keen Accord op enger Pensioun konnte fannen, ech mengen och an Zukunft et däerf ganz schwiereg sinn, déi zwee Sozialpartner op där Fro ze eenegen, da sichen d'Leit sech aner Parteien an dann deele se sech da e bëssen déi Stëmmen op. Mee ob dorausser eng strukturell Ofwanderung ka erausgelies ginn, dat woen ech ze bezweiwelen, well eng Regierung, eng Partei gëtt jugéiert op e Gesamtprogramm op fënnef Joer an net just op ee Projet, wat e ganz schwierege Projet war a bleift."
De Sondage weist, datt aktuell och eng Dräierkoalitioun méiglech wier, mä do ass et dem Premier net baang. Hie seet d'CSV an d'DP hätten en extreem gëeente Profil, inhaltlech an och an der Fassong wéi matenee geschafft gëtt. De Luc Frieden ass dowéinst fest dovunner iwwerzeegt, datt d'CSV an d'DP dës Legislaturperiod zesummen ofschléissen.