En Dënschdegowend ass et am Garer Quartier an der Stad zu engem Iwwerfall komm, bei deem d'Täter Gewalt ugewannt hunn.

Wéi d'Police schreift, wier géint 19.50 Auer e Mann an der Rue de Bonnevoie vun e puer Persounen attackéiert ginn. Wéi hien doropshin zu Buedem gaange wier, hätten d'Täter him de Rucksak geklaut.

D'Affer gouf beim Tëschefall liicht blesséiert. D'Police huet eng Enquête an d'Weeër geleet.