CGDIS
Dräi Blesséierter no Accidenter am Laf vun en Dënschdeg

D'Rettungsekippe vum CGDIS hunn en Dënschdeg nees op e puer Plazen am Land mussen agräifen.
Sou zum Beispill um 8.21 Auer an der Tréierer Strooss um Findel, wou zwee Autoen aneneegerannt sinn. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D'Rettungsekippe vum Findel a vu Sandweiler waren am Asaz.
Zwee Blesséierter gouf et da bei engem Accident um 16.35 Auer op der RN08 tëschent Bruch a Miersch. Och hei waren zwee Autoe matenee kollidéiert. D'Ekippe vu Miersch, Lëntgen a Réiden waren op der Plaz.
Eng gutt Stonn virdrun hat iwwerdeems zu Mäerzeg an engem Haus op der Haaptstrooss e Keller gebrannt, Blesséierter gouf et hei awer keng.
Am meeschte gelies