Vun en Donneschdeg u ginn et Changementer, wann ee Sue wëll iwwerweisen. Iwwerweisunge solle méi séier a méi sécher ginn. Wat ännert genee?

Zanter Januar hunn d'Banke scho missen de sougenannte Paiement instantané, also direkt Iwwerweisungen, empfänken. Vun en Donneschden u muss och all Bank esou e Virement kënne betätegen. Bannent 10 Sekonne sollen d'Sue vun engem Kont op dem anere sinn an dat bei all Euroiwwerweisung am SEPA-Raum, der Single Euro Payment Area. De Paul Wilwertz vun der Bankevereenegung ABBL erkläert, wat fir de Consommateur domat konkret ännert:
 
"Zum Beispill, wann ech e Kand am Ausland hunn, dat bréicht dréngend Suen, kann een direkt e Virement maachen, dann ass en dann 10 Sekonnen um Kont oder ass en op engem Floumaart am Ausland, déi Persoun hëlt keng Kreditkaart oder ech hu kee Cash dobäi, da kann een awer och do direkt e Virement maachen an et kann een dat, wat ee gesinn huet, direkt mat op de Wee huelen."
 
Bei verschiddene Banke wäert dat nei Normalitéit ginn:
 
"Dir kënnt dat dann natierlech nach ëmmer desaktivéieren, bei anere Banke wäert der et missen uklicken, dat ass ganz ënnerschiddlech. Duerno de Käschtepräis, dee bleift deen nämmlechten ewéi op engem normale Virement." 
 
Eng zweet Ännerung ass déi vun der Vérification du bénéficiaire:
 
"Dat heescht, am Fong kuckt elo d'Bank a bei engem Virement ob d'Nummer och mam Numm vum Beneficiaire iwwerenee stëmmt. Dat heescht och elo, wann Der Iech vertippt hutt oder wann Der zum Beispill eng falsch Rechnung kritt hutt vun engem Kriminellen, wou wuel eng Firma dropsteet, mee mat enger ganz anerer Kontosnummer, da fält dat elo op."
 
An do ginn et da verschidden Zenarien. Entweeder den Numm an den IBAN stëmmen iwwerteneen, da kritt een e Message, dee seet “Match” an de Virement ka gemaach ginn:
 
"Wann Dir awer elo Max Mustermann nëmme mat engem 'N' geschriwwen hutt oder Dir hutt 'Électricité Müller' ouni 'Fils' hannendru geschriwwen, da kritt Der e Message, dee seet 'close match', dat passt eventuell an da kritt Der vun Ärer Bank eng Propositioun, hei hutt Der éischter déi Persoun oder déi Firma geduecht an da kënnt Der am Fong soen, okay, dat war éischter dat an da klicken ech do drop, ech huelen éischter dee Beneficiaire."
 
Wann een awer zum Beispill just eng Ofkierzung fir e Beneficiaire benotzt, kritt een e Message vun der Bank, datt et en "No Match" ass. Am véierte Fall ass eng Verifikatioun net méiglech duerch en technesche Problem:
 
"Wann Der elo en 'No Match' oder e 'Close Match' hutt, dat heescht awer net, an och dee véierte Fall, datt Der dee Virement net kënnt maachen, Dir kënnt en nach awer maachen, bei engem 'Close Match' an engem 'No Match', wann Dir en awer maacht mat deem Numm, deen dann do an Ärem System steet, dann ass et awer esou, dass bei engem falsche Virement, also engem Virement, deen dann un eng falsch Persoun gëtt, dann ass awer d'Responsabilitéit bei Iech, dann huet d'Responsabilitéit d'Bank net méi."
 
Am beschten hätt ee seng Lëscht duerchzegoen mat de Beneficiairen a méiglech Changementer ze maachen. Wat ännert da fir d'Betriber?
 
"Déi meescht Betriber maache jo am Fong gebündelt Virementen, ganz oft duerch de 'Multiline-System'. Do ass et awer elo esou, wann do an deenen, huele mer un, 15 Virementen, ee Virement dobäi ass, wou de Beneficiaire am Fong net esou richteg stëmmt, da sinn déi 15 Virementen dann eebe blockéiert, respektiv da muss een op de Knäppchen drécken, ech maachen dat awer elo bei jiddwerengem eenzelen. Dat ass natierlech net optimal fir d'Entreprisen. Dofir kënne se hir Bank froen, einfach en Opt-out ze maachen, dat heescht, hirer Bank ze soen: hei, ech wëll net iwwer eenzel Payment fueren, da geet et dann awer."
 
Allgemeng réit de Paul Wilwertz vun der ABBL, datt een e Virement net an der Hetz soll maachen an ee weider alertéiert soll si bei komeschen Uriff a Messagen.