Drock op Emmanuel Macron wiisst

© Ludovic MARIN / AFP
Nom Récktrëtt vum Premier Lecornu wëllt de Macron, datt dësen trotzdeem eng Léisung fir d'Regierungskris fënnt. D'Kritik um President wiisst.
An der franséischer Regierungskris geréit den Emmanuel Macron ëmmer méi ënner Drock. Wärend de Premier Sébastien Lecornu, deen zréckgetrueden ass, mat de Parteispëtzten iwwert en Auswee aus der Kris schwätzt, gi Vertrauter vum President op Distanz. De fréiere Premier Édouard Philippe huet de Macron carrement zum Récktrëtt opgeruff. Déi sechs Méint laang Kris dierft net nach annerhalleft Joer laang bis zu den nächste Wale verlängert ginn, sou de Philippe, dee selwer bei den Elektiounen 2027 wëllt untrieden, bei eise franséische Kolleege vun RTL.
Och de fréiere Premier Gabriel Attal huet de Macron op TF1 kritiséiert. Hie géint d'Decisioune vum President net méi verstoen. Fir d'éischt hätt de Macron d'Nationalversammlung opgeléist an Nationalwalen ausgeruff, an zanterhier kéime lauter Decisiounen déi esou wierken, wéi wann hie mat aller Kraaft u senger Muecht wéilt festhalen, sou den Attal, deen och kandidéiere wëll.
Macron schléisst Récktrëtt (nach) aus
D'Gauche an d'Droite hu scho Récktrëttsfuerderunge lancéiert. De President schléisst dat awer kategoresch aus a seet, hie wier vum Vollek gewielt an hie géif bis zum Schluss a sengem Amt bleiwen. Allerdéngs sot de Macron e Méindeg, dass hie seng "Verantwortung iwwerhuele" wäert, falls dem Lecornu seng Beméiungen ëm en Enn vun der politescher Kris am Sand verlafe sollten. Et geet een dovun aus, dass de President dann d'Nationalversammlung opléisen a Neiwalen ausruffe wäert. Mee e weidere Regierungschef kéint erëm séier an déi selwecht Lag wéi säi Virgänger geroden.
Den Emmanuel Macron, deen an Ëmfroe schlecht Wäerter huet, kann no zwou Amtszäite keng drëtte Kéier méi untrieden. Enger Ëmfro no si 70 Prozent vun de Befrote fir e Récktrëtt. Ob de Lecornu et nach fäerdeg brénge wäert, déi zerstridde Partien an de Kärpunkten op eng Linn ze brénge fir awer nach eng Regierung ze forméieren, ass schwéier viraus ze soen.